Jean Pierre Foehr

lëtzebuergesche Politiker

De Jean Pierre Godefroy Foehr (Föhr), gebuer den 11. Mee 1824 zu Iechternach an do[1] gestuerwen de 26. Mee[2] 1875, war e lëtzebuergesche Jurist, Magistrat, Deputéierten an Diplomat.

Jean Pierre Foehr
Gebuer 11. Mee 1824
Iechternach
Gestuerwen 26. Mee 1875
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Diplomat
Famill
Papp Barthélemy Foehr
Geschwëster Jean Mathias Foehr

De Jean Pierre Foehr huet seng Carrière am Joer 1850 als Affekot zu Dikrech ugefaangen. 1859 ass hie Riichter beim Tribunal zu Lëtzebuerg ginn; 1868 gouf hie Vizepresident vun deem Tribunal; 1872 krut hien eng Nominatioun als "conseiller à la Cour supérieure de justice".[3]

Hie war Deputéierte vum Kanton Iechternach vun 1854 bis 1856 a vun 1862 bis 1875.[4] Hie war Vizepresident vun der Chamber wärend de Sessiounen 1868, 1869, 1873 an 1874. Wéi de Félix de Blochausen de 26. Dezember 1874 Generaldirekter (Minister) gouf, ass de Foehr an deem senger Plaz Chamberspresident ginn.[5]

Am Abrëll 1867 ass de Foehr lëtzebuergesche "chargé d'affaires" zu Berlin ginn,[6] eng Aufgab, déi hien nieft senger Aktivitéit an der Chamber an um Geriicht erfëllt huet.

Hie war de Fils vum Barthélemy Foehr an de Brudder vum Jean Mathias Foehr. Hie selwer war net bestuet.

Zesumme mam Norbert Metz an dem Léon Wurth war de Jean Pierre Foehr Coauteur vum Rapport de la commission nommée par l'Assemblée des États pour examiner la question de la liquidation entre le Grand-Duché de Luxembourg et les Pays-Bas. (V. Bück, Luxembourg 1868, 18 S.).[7]

Gielercher änneren

Literatur änneren

  • Neyen, A., 1876. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. J. Joris, Luxembourg, 490+XXXI+XII S. + table gén. alphabét. (Jean-Pierre-Godefroy Foehr: S. 134-135).
  • Luxemburger Wort 1875, Nr. 123 (28. Mai), S. 1 [J.P. Föhr †]. [1]
  • Luxemburger Wort 1875, Nr. 125 (31. Mai), S. 1 [Poleemik ëm d'Missioun zu Berlin]. [2]

Referenzen änneren

  1. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 26. — Cf. Luxemburger Wort 1875, Nr. 123.
  2. Massard, J.A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, S. 210. — Den Neyen (1876) an de Spedener (1937) gi fälschlecherweis de 27. Mee 1875 als Doudesdag un.
  3. Cf. Neyen 1876, S. 134.
  4. Als, N. & R. Philippart, 1994. La Chambre des Députés. Histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 514/515.
  5. Neyen 1876, S. 135.
  6. Neyen 1876, S. 134.
  7. Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, S. 289 a S. 765.
  8. (fr)Memorial. L'Indépendance luxembourgeoise. viewer.eluxemburgensia.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-17.
  9. (fr)Enterrement de J P Foehr. L'Indépendance luxembourgeoise. viewer.eluxemburgensia.lu (1. Juni 1875). Gekuckt de(n) 2023-10-17.