Eng Bessemer-Bier ass e Konverter, mat Hëllef vun deem aus Eise ka Stol produzéiert ginn.

Bessemer-Bier am Industrie- an Eisebunnspark Fond-de-Gras

D'Bessemer-Bier krut hiren Numm vun der Form, déi enger Bier gläicht, an dem engleschen Ingenieur Sir Henry Bessemer, deen déi Method 1860 erfonnt hat.

An der Bessemer-Bier gëtt Loft oder Sauerstoff duerch dat flëssegt Eise geblosen, dat aus dem Héichuewe koum. Op déi Manéier kënnt et zu Kuelestoffmonoxid, dee verbrennt an d'Schmëlztemperatur, déi beim Eisen 1.150 °C ass, op déi vum Stol, op 1.536 °C ze hiewen. Et geet also drëm, fir de Kuelestoffgehalt vum Eisen erof ze kréien.

No der Erfindung vum Linz-Donawitz-Konverter 1952 goufen d'Bessemer-Bieren no an no ofgeschaaft.

Um Spaweck änneren

Commons: Bessemer converter – Biller, Videoen oder Audiodateien