De Jean Laux, gebuer den 21. Mäerz 1864 zu Keel, a gestuerwen den 3. Juni 1942 zu Rëmeleng, war e Lokalpolitiker an der Gemeng Keel.[1]

Jean Laux-Steichen
Gebuer 21. Mäerz 1864
Keel
Gestuerwen 3. Juni 1942
Rëmeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Jean Laux war Bauer zu Keel. Hien huet sech am Januar 1901 zu Keel mat der Léonie Clementine Steichen bestuet[2] an huet sech dono Laux-Steichen genannt, fir net mat engem anere Jean Laux aus Keel verwiesselt ze ginn[3].

De Jean Laux ass am Mee 1901 als Member vum Keeler Gemengerot vereedegt ginn. Bei de Wale vum Oktober 1902 ass hien erëmgewielt ginn a gouf Buergermeeschter, eng Funktioun, déi hie vum 25. Januar 1903 bis den 31. Dezember 1917 ausgeüübt huet.[4]

Dem Jean Laux-Steichen seng Duechter Albertine (1907 Keel - 1970 Esch/Uelzecht) war mam Dr. Adolphe Feyder (1898-1981), vun 1925 un Dokter zu Esch-Uelzecht a vun 1928 un zu Schëffleng.[5]

Literatur änneren

  • Kauffmann, J., 1992. Kayl : Auf den Spuren des Gemeinderats : 1795 bis 1990. Kayl: Gemeindeverwaltung, 327 S.

Referenzen änneren

  1. Luxroots.com (Laux Johann); Luxemburger Wort 1942-06-05, S. 5 (Doudesannonce).
  2. Luxroots.com.
  3. Et handelt sech ëm de Jean Laux (1866 Keel -1913 Keel), „Handelsmann“, Fils vum Bauer Pierre Laux an der Anna Pauly, bestuet mat der Maria Kompe (Luxroots.com). De Laux-Kompe war vun 1909 bis zu sengem Doud Member vum Keeler Gemengerot (Kauffmann 1992, S. 205-206).
  4. Kauffmann 1992, S. 193 a S. 203.
  5. Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg, S. 205-206).