Jean Elias Benjamin Valz

De Jean Elias Benjamin Valz, gebuer de 27. Mee 1787 zu Nîmes a gestuerwen den 22. Abrëll 1867, war e franséischen Astronom.

Jean Elias Benjamin Valz
Gebuer 27. Mee 1787
Nîmes
Gestuerwen 22. Abrëll 1867
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom, Mathematiker
Member vun Académie de Nîmes

De Valz krut eng Ausbildung als Ingenieur, huet sech awer spéider zu der Astronomie higezu gefillt. Hien huet besonnesch d'Koméitebunnen observéiert an och berechent.

Am Joer 1835 huet hien d'Hypothes opgestallt, datt déi observéiert Bunnstéierunge vum Koméit Halley duerch d'Gravitatiounswierkung vun engem Planéit hanner dem Uranus ausgeléist gëtt. De Planéit Neptun war deemools nach net entdeckt.

U säin Haus zu Nîmes hat de Valz e privaten Observatoire gebaut. Wéi hien Direkter vum Observatoire vu Marseille ginn ass, huet hie säin Haus dem jonken Astronom Joseph Jean Pierre Laurent iwwerlooss, dee vun do aus den Asteroid (51) Nemausa entdeckt huet.

Um Spaweck änneren

(fr) Nemausensis [1]