Jean-Paul Zeimes
lëtzebuergesche Lokalpolitiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean-Paul Zeimes, gebuer den 13. Juli 1960 zu Wolz,[1] ass e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
Jean-Paul Zeimes | |
---|---|
Gebuer |
13. Juli 1960 Wolz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Lokalpolitiker |
De Jean-Paul Zeimes huet bis 2020 am Nordspidol geschafft, wou hien ë. a. fir Bauprojeten zoustänneg war. No senger Pensionéierung huet hien am Oktober 2020 bei Komplementarwale fir de Schierener Gemengerot kandidéiert a gouf era gewielt. Ufank 2021 gouf hien do zum Schäffen ernannt. Bei de Gemengewalen am Juni 2023 krut hien déi zweetmeescht Stëmmen a gouf erëmgewielt.
Nodeems den Eric Thill de 17. November 2023 als Kulturminister vereedegt gouf, huet de Jean-Paul Zeimes d'Plaz vum Buergermeeschter provisoresch iwwerholl. Den 29. November gouf hien du vum Gemengeconseil eestëmmeg als neie Buergermeeschter gewielt.[2]
Referenzen
änneren- ↑ Rapport de la séance du conseil communal du 10 février 2021 Archivéiert de(n) 08.09.2024. Gekuckt de(n) 08.09.2024.
- ↑ Quell wou net anescht uginn: Marc Hoscheid: "Schieren huet mam Jean-Paul Zeimes een neie Gemengepapp." rtl.lu, 03.12.2023.