Jean-Nicolas Klensch (Buergermeeschter)

lëtzebuergesche Bauer a Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Buergermeeschter Jean-Nicolas Klensch. Fir aner Leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Nicolas Klensch.

De Jean-Nicolas Klensch, war e lëtzebuergesche Bauer a Politiker vu Gaasperech.

Jean-Nicolas Klensch
Gebuer 17. Juni 1834
Hollerech
Gestuerwen 16. Abrëll 1911
Gaasperech
Aktivitéit Politiker, Bauer

De Jean-Nicolas Klensch gouf den 18. Juni 1892 Buergermeeschter vun der Gemeng Hollerech[1]. Den 30. Dezember 1896 krut hien eng weider Nominatioun als Buergermeeschter vun Hollerech[2] an ass dat bis zu senger Demissioun den 22. Oktober 1901 bliwwen[3].

D'Bushalt „Klensch“ an der Gaasperecher Strooss zu Gaasperech erënnert haut nach un den Haff Klensch deen do louch.

Um Spaweck änneren

Chronik aus Hollerich=Bonneweg, Bahnhofviertel und Umgegend.. In: Luxemburger Bürger=Zeitung., 13. Jg., nº 43 (20.04.1911), p. 2. [Digitised by the National Library of Luxembourg, https://persist.lu/ark:70795/sqzk2k/pages/2/articles/DTL43]

Referenzen änneren

  1. Memorial N°36 vun 1892 mat der Publikatioun vun der Nominatioun vun enger Rei Buergermeeschteren Säit: 376
  2. Memorial N°72 vun 1896 mat der Publikatioun vun der Nominatioun vun enger Rei vu Buergermeeschteren Säit:869
  3. Memorial N°69 vun 1901 mat der Publikatioun vum Arrêté vun der Demissioun vum Jean-Nicolas Klensch als Buergermeeschter vun Hollerech