De Jean-Marc Hoscheit, gebuer den 11. Oktober 1958, ass e lëtzebuergesche Politolog an Diplomat.

Jean-Marc Hoscheit
Gebuer 11. Oktober 1958
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat

Den Hoscheit huet op der Universitéit Stroossbuerg Droit a Politikwëssenschafte studéiert. Vun 1982 bis 1985 war hie wëssenschaftleche Mataarbechter an Dozent um Europäeschen Institut fir ëffentlech Administratioun (EIPA) zu Maastricht an huet an där Zäit e puer Studien zum politesche System vun der Europäescher Gemeinschaft publizéiert.

Hien ass 1986 an de lëtzebuergeschen Aussendéngscht agetrueden an hat noenee verschidde Positiounen am Ausseministère an an den Auslandsvertriedunge vum Grand-Duché, dorënner als Vertrieder an der Europäescher Politescher Zesummenaarbecht (EPZ) an als Représentant permanent adjoint vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Unioun zu Bréissel (1989 bis 1998).[1][2]

1998 gouf hien Ambassadeur vu Lëtzebuerg a Frankräich a Permanente Representant bei der OECD an der UNESCO.[1] 2003 bis 2008 war hie Stännege Vertrieder bei de Vereenten Natiounen zu New York. 2008 gouf den Hoscheit zum Ambassadeur zu Den Haag ernannt, a war vun 2010 un och an Ethiopien akreditéiert a Permanente Representant vu Lëtzebuerg bei der Afrikanescher Unioun (vun Den Haag aus). Zanter dem 4. September 2012 ass hie Stännege Vertrieder bei de Vereenten Natiounen zu Genève.[2]

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • 19??: Small States and the Presidency of the European Council of Ministers, IAES, Atlanta, Ga.
  • 1985: The Presidency of the European Council of Ministers: impacts and implications for national governments (mit Colm Ó Nualláin), Croom Helm, London
  • 1988: The European Council 1974–1986: evaluation and prospects (mam Wolfgang Wessels), European Institute of Public Administration, Maastricht

Um Spaweck änneren

  • Offiziell Websäit vun der Stänneger Vertriedung vu Lëtzebuerg bei de Vereenten Natiounen zu Genf

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 New Permanent Representative of Luxembourg Presents Credentials, Pressecommuniqué vun de Vereenten Natiounen, New York, 2. September 2003
  2. 2,0 2,1 New Permanent Representative of Luxembourg Presents Credentials to Director-General of UNOG, Lëtzebuergesch Stänneg Vertriedung bei de Vereenten Natiounen zu Genf, 4. September 2012