Fritz Mersch

lëtzebuergeschen Affekot, Deputéierten an Distriktskommissär
(Virugeleet vu(n) Jean-François Mersch)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Jean-François Mersch. Fir de Sportler mam änlechen Numm, kuckt wgl. François Mersch.


De Jean-François Mersch, besser bekannt als Fritz Mersch, gebuer den 20. Mäerz 1862 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 1. Mee 1937, war e lëtzebuergeschen Affekot, Deputéierten an Distriktskommissär[1],[2].

Fritz Mersch
Gebuer 20. Mäerz 1862
Gestuerwen 1. Mee 1937
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot
Famill
Papp Jean Mersch-Wittenauer

Hie war de Jong vum Jean Mersch-Wittenauer.

1887 gouf hien als Vertrieder vum Kanton Miersch an d'Chamber gewielt[3].

Den 30. Mee 1895 gouf den Affekot Fritz Mersch (an der franséischer Versioun Frédéric Mersch!) zum Distriktskommissär zu Gréiwemaacher ernannt[4].

Den 18. Mäerz 1930 gouf hien als Distriktskommissär pensionéiert a kritt den Éierentitel vun där Funktioun.

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. Biographie vum Fritz Mersch op eluxemburgensia.lu Säiten 319-324
  2. Déi selwecht Biographie vum Fritz Mersch op der Websäit vum Institut Viti-Vinicole Archivéiert op 2016-09-10. Gekuckt de(n) 2015-08-01.
  3. Noruff op de Fritz Mersch am Tageblatt vum 4. Mee 1937 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-08-01.
  4. Arrêté du 31 mai 1895 portant convocation du collège électoral de Mersch pour l'élection d'un député. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-04-11.
  5. Annonce vum Doud vum Fritz Mersch an der Obermosel-Zeitung vum 4. Mee 1937 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 23. Abrëll 2022