De Jean-Aimé Stoll, gebuer de 15. Februar 1924 zu Hemstel, war d'éischt Offizéier an der Arméi an dunn héije Beamten um europäesche Rechnungshaff. Hien ass och als Auteur bekannt, an zwar ënner dem Pseudonym Pierre Lefèvre.

Jean-Aimé Stoll
Pseudonym Pierre Lefèvre, Jean Thierry, A.S., J.A.S., Julien Legrand, Jean-Jules Manet, J.J. Manet, André Simon
Gebuer 15. Februar 1924
Hemstel
Gestuerwen 15. Mee 2015
Munneref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Offizéieschschoul Sandhurst
Aktivitéit Offizéier, Fonctionnaire, Romancier, Resistenzler

Säi Liewen änneren

No e puer Joer Secondaire am LCE zu Iechternach goung de Jean-Aimé Stoll op Dikrech bis 1941 an d'Normalschoul. Duerno gouf hien, nom RAD, vun der däitscher Besatzung an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert, konnt sech awer duerch d'Bascht maachen an zu Buerschent a Bréissel verstoppen. Hie war zanter 1940 an der Resistenz aktiv, an zwar an der LPL mam Raymond Petit a mam Erny Gillen. No der Liberatioun, déi en zu Bréissel erlieft huet, goung en op d'Offizéieschschoul vu Sandhurst, ier en dann an d'Lëtzebuerger Nokrichsarméi koum. Relativ séier goung hien awer weider studéieren, a sou koum hien an den Déngscht vun der europäescher Saach, an zwar um europäesche Rechnungshaff, wou hien Direkter war. Nieft senger Aarbecht als héije Beamte war hien och Éierekonsul vu Mexiko.

De Jean-Aimé Stoll, dee bestuet a Papp vun dräi Kanner ass, huet eng Rei Artikelen an der Revue Rappel publizéiert. 1992 huet hien och e Roman - ënner dem Pseudonym Pierre Lefèvre - publizéiert, an deem hie Jugend- a Krichserfarungen zu engem Thriller zesummeflecht.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • (fr) Le Concerto Jeunehomme; Roman, publizéiert ënner dem Pseudonym Pierre Lefèvre, Paräis, beim Verlag La Pensée Universelle, 1992; 220 Säiten. ISBN 2-214-09365-6.
  • The Jeunehomme Concerto; englesch Iwwersetzung; Nidderaanwen, Imprimerie Ossa, 2005; 128 Säiten. ISBN 2-87996-797-X.

Literatur änneren

  • Edouard Marc Kayser: Lettres luxembourgeoises: Un roman vivant et coloré - "Le Concerto Jeunehomme", par Pierre Lefèvre ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 7. Januar 1993.
  • Frank Wilhelm: La francophonie du Grand-Duché de Luxembourg, Cahiers francophones d'Europe centre-orientale, Sonnernummer ('numéro hors série'); Pécs & Wien, 1999; Ss. 188-189.
  • Rosch Krieps: Fast schon ein Drehbuch - "The Jeunehomme Concerto" von Pierre Lefèvre; in: Lëtzebuerger Journal, Ausgab vum 17. Februar 2006.
  • Frank Wilhelm & Nicole Sahl: Biographesch Notiz am Luxemburger Autorenlexikon (Miersch, CNL).