James I. vun England

Kinnek vun England a vun Irland

Den James[1], gebuer den 19. Juni 1566 zu Edinburgh, Schottland, a gestuerwen de 27. Mäerz 1625 zu Theobalds Park, Hertfordshire, England, war zanter 1567 als James VI. Kinnek vu Schottland a vu 1603 bis zu sengem Doud och nach, als James I., Kinnek vun England a Kinnek vun Irland.

James I. vun England
Gebuer 19. Juni 1566 jul.
Edinburgh
Gestuerwen 27. Mäerz 1625 jul.
Nationalitéit Kinnekräich England
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Monarch, Aristokrat
Famill
Mamm Maria Stuart
Kanner Charles I. vun England
Den James I. (Bild vum Paul van Somer).

Liewen änneren

Hie war de Jong vun der Kinnigin vu Schottland, der Maria Stuart, an hirem zweete Mann, dem Henry Stewart, Duke of Albany, besser bekannt als Lord Darnley. Wéi hien ee Joer al war, huet seng Mamm missen ofdanken, an hie gouf zum schottesche Kinnek ernannt. Soulaang e mannerjäreg war, gouf et noeneen e puer Regenten.

Den 20. August 1589 huet hie sech mat der Prinzessin Anna vun Dänemark an Norwegen bestuet.

Wéi déi englesch Kinnigin Elizabeth I. 1603 ouni Kanner gehat ze hu gestuerwen ass, gouf den James, als Ururenkel vum englesche Kinnek Henry VII. och zum Kinnek vun England a vun Irland gekréint.

Fir seng fragil Personalunioun ze stabiliséieren, huet hien de Begrëff Kinnekräich Groussbritannien als politesche Begrëff fir seng Kinnekräicher benotzt. Hien huet den Union Jack, op deem dat englescht Georgskräiz an d'schottescht Andreaskräiz sech iwwerlageren, als Fändel an, an huet amplaz vun England a vu Schottland vu Süd- an Nordbritannien geschwat. Weeder dat englescht nach dat schottescht Parlament waren awer dofir, déi zwee Länner zu engem ze maachen.

1606 huet en Nordamerika tëscht der London Company an der Plymouth Company opgedeelt. 1607 huet d'London Company Jamestown gegrënnt, dat nom Kinnek genannt war an déi éischt dauerhaft englesch Siidlung an Nordamerika war.

Hien huet och d'Bibel 1611 op Englesch iwwersetze gelooss (déi haut als King-James-Bibel bekannt ass).

Och soss stoung en dacks am Konflikt mam englesche Parlament. Sou huet d'Parlament de Budget däerfe stëmmen, soudatt de Kinnek net d'Recettë benotze konnt wéi e wollt. Wéi d'Parlamet och nach refuséiert huet, datt säi Jong Charles déi (kathoulesch) Prinzessin Maria Anna vu Spuenien bestuede kéint, huet hien et den 8. Februar 1622 opgeléist.

Nom James sengem Doud, de 27. Mäerz 1625, gouf den Charles dann an allen dräi Länner säin Nofollger.

Kanner änneren

Den James an d'Anna haten follgend Kanner:

  • Henry Frederick (1594–1612)
  • Kand, dout gebuer 1595
  • Elizabeth (1596–1662)
  • Margaret (1598 -1600
  • Charles (1600–1649), Kinnek vun England vu 1625 bis 1649
  • Robert Bruce (1601-1602)
  • Jong, kuerz no der Gebuert gestuerwen
  • Mary (1605-1607)
  • Sophie (1606), gouf een Dag al

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: James I. – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. An der franséischsproocheger Literatur gëtt e Jacques, an der däitschsproocheger Jakob genannt.