Andreaskräiz

D'Andreaskräiz ass e Kräiz dat sech aus zwou Dunnen zesummesetzt, déi sech diagonal kräizen. Et gläicht dem Buschtaf X, de Chi am griicheschen Alphabeth.

Andreaskräiz

Den Numm huet et vum Apostel Andreas deen der Traditioun no op sou engem Kräiz higeriicht gouf.

Andreaskräiz am BauÄnneren

D'Andreaskräiz gehéiert zu der Basis vun de Fachwierkskonstruktiounen, a gëtt do och dacks gebraucht fir ze verschéineren.

Andreaskräiz als GeforesymbolÄnneren

An der Chimie gëtt d'Andreaskräiz als Geforesymbol gebraucht fir Produkter déi reizen (Xi), a fir där déi gesondheetschiedlech sinn (Xn).

Andreaskräiz op Fändelen a WopenÄnneren

Et ass op ville Wopen a Fändelen erëmzefannen. Mat dee bekanntsten ass de Fändel vu Schottland, dat en dann och am Fändel vu Groussbritannien erëm fënnt, an an all de Fändelen déi dovun ofgeleet si wéi z. B. de Fändel vun Australien an de Fändel vun Néiséiland.

Andreaskräiz als Verkéierszeechen, an an de VerkéierszeechenÄnneren

Am lëtzebuergesche Code de la Route fënnt een d'Andreaskräiz op follgende Schëlter.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Andreaskräizer – Biller, Videoen oder Audiodateien