James Bausch
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den James Aloysius Bernard Bausch, genannt Jim Bausch, gebuer den 29. Mäerz 1906 zu Marion Junction, South Dakota, USA, a gestuerwen den 9. Juli 1974 zu Hot Springs, Arkansas, war en amerikanesche Liichtathleet, vu lëtzebuergescher Ofstamung.
James Bausch | |
---|---|
Gebuer | 29. Mäerz 1906 |
Gestuerwen |
9. Juli 1974 Hot Springs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Universitéit vum Kansas |
Aktivitéit | Liichtathleet, Basketballspiller, American-Football-Spiller, Zéngkämpfer |
Gréisst | 188 cm |
Gewiicht | 95 kg |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1932 |
Den James Bausch war de Jong vum Peter Bausch, deen de 26. Oktober 1868 zu Ierpeldeng gebuer gouf, a vun der Katherine Marso.
Sportlech Leeschtungen
ännerenHien huet 1932 bei den Olympesche Spiller zu Los Angeles an den USA, am Zéngkampf eng Goldmedail gewonnen. Mat sengen 8462,235 Punkten, déi hien dunn erreecht huet (6736 Punkten no der Tabell, déi zanter 1985 a Kraaft ass) huet hien en neie Weltrekord opgestallt. Hie war e villsäitege Sportler. Ausser der Liichtathleetik huet hien nach American Football a Basketball gespillt.
- 1931: 1. bei den amerikanesche Meeschterschaften am Pentathlon
- 1931: 6. bei den amerikanesche Meeschterschaften am Decathlon
- 1932: 1. bei den amerikanesche Meeschterschaften am Decathlon
1932 huet hien den James E. Sullivan Award kritt, fir de beschten Amateur-Sportler vum Joer.
Seng Sportlercarrière huet hie spéider als professionellen American Football-Spiller virugefouert.
De Bausch huet den Zweete Weltkrich matgemaach. Nom Krich huet hie sech mat der Majoriw Voyles zu Tusla, Oklahamo bestuet an ass op Hot Springs, Arkansas geplënnert wou hie fir de Landwirschaftsministère geschafft huet.[1]
Publikatiounen
änneren- Bausch, James: Winners Are Big Tippers, Roman, Pentland Press NC. 2001,
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Artikel am Luxenburger Wort vum 31. Juli 2008 Säit 40/41