Jacques Thiel

lëtzebuergesche Benediktiner
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den DOM Bernard-Jacques Thiel O.S.B., gebuer den 2. Mee 1892 zu Diddeleng an och do den 20. Juni 1964 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Benediktinerpater an Historiker.[1]

Jacques Thiel
Gebuer 2. Mee 1892
Gestuerwen 20. Juni 1964
Nationalitéit Lëtzebuerg
Stroosseschëld zu Diddeleng

De Jacques Thiel war Benediktinerpater an der Abtei Saint-André vu Bruges an Aumônier vum Diddelenger Altersheim Prince Jean.[2]

Hien huet vun 1948 bis 1958 an der Hémecht gréisser Artikelen iwwer d'Geschicht vun Iechternach, Ëlwen, Beetebuerg a vum Gehaansbierg, an iwwer d'Eremitten am Herzogtum Lëtzebuerg am 17. an 18. Joerhonnert publizéiert.[1]

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Diddeleng eng Strooss no him genannt.[3]

Publikatiounen

änneren

(Auswiel)

Gielercher

änneren


Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 DOM BERNARD-JACQUES THIEL O.S.B. In: Hémecht, 17. Jg., nº Heft 1 (01.01.1965), p. 8 [Digitised by the National Library of Luxembourg.]
  2. Avis de décès 1 Page 7. In: Luxemburger Wort, 117. Jg., n° 171/172 (22.06.1964), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. L-3572.
  4. Décorations dans l’Ordre National de la Couronne de Chêne. In: Luxemburger Wort, 109. Jg., n° 62 (02.03.1956), p. 9 [Digitised by the National Library of Luxembourg].