Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jacques Reifenberg, gebuer de 6. September 1907 a gestuerwen den 11. Abrëll 1977 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker (CSV)[1],[2].

Jacques Reifenberg
Stroosseschëld zu Diddeleng

Hie war Schlässer op der Arbed. 24 Joer laang war hie fir d'CSV Member vum Gemengerot vun der Stad Diddeleng.

Hie war och Member a Keessier vum Gesangsveräin Cäcilia wou en och, grad wéi an anere Veräiner, Theater gespillt a Regie gefouert huet.[1]

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Butschebuerg eng Strooss no him genannt.[3]

Gielercher

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 In Memoriam Jacques Reifenberg. In: Luxemburger Wort, 130. Jg., n° 102 (04.05.1977), p. 15 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. Avis de décès 6 Page 8. In: Luxemburger Wort, 130. Jg., n° 84 (12.04.1977), p. 8 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. L-3492.