De Jacques Dasbourg, gebuer de 5. Juni 1879 zu Veianen, a gestuerwen de 25. Mee 1920 zu Réiden op der Atert, war e lëtzebuergesche Moler.

Jacques Dasbourg
Gebuer 5. Juni 1879
Gestuerwen 25. Mee 1920
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Hien huet op der École supérieure des Arts décoratifs zu Stroossbuerg an der Münchener Konschtakademie studéiert. Hien huet sech ufanks zu München etabléiert a sech do als Freskemoler fir Kierchen en Numm gemaach.

Um Ufank vum Éischte Weltkrich ass de Jacques Dasbourg hannescht op Lëtzebuerg gaangen, wou e Konschterzéier an der Handwierkerschoul gouf.

Et gëtt en ettlech Portraiten a Landschaftsbiller vun him, am realistesche Stil.

Hien ass den Dafpätter vum Jacques Dasbourg (1906-1991) vu Veianen.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Jacques Dasbourg (1906-1991) rétrospective.- Commission culturelle de Bissen, juin 1995