Jacques Bos

lëtzebuergeschen Apdikter


De Jacques Bos, gebuer den 22. Juli 1892, gestuerwen den 28. Mee 1970 zu Ettelbréck war e lëtzebuergeschen Apdikter[1].

Jacques Bos
Gebuer 22. Juli 1892
Gestuerwen 28. Mee 1970
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg

Hien ass de 25. Oktober 1917 zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn. Ëm 1921[2] huet hien dem Nicolas Klees d'Mouerenapdikt an der Groussgaass an der Stad Lëtzebuerg ofkaaft. Am Januar 1922 huet de Jacques Bos d'Markennimm Antiseptische Haartinktur "Jaguarol", Liver Pills, Rapid Pastillen, déi säi Virgänger deposéiert hat, confirméiere gelooss[3]. D'Markennimm Kraftsirop Perossin (Sirop réparateur) a Luxemburger Cholerapatronen (sog. Bettemburger Kräuter), déi 1926 deposéiert gi waren, huet hien 1936 confirméiere gelooss, grad sou wéi e Sigel mam Christusmonogramm JHS[4].

Annonce vun der Propharma aus dem Joer 1935 (Luxemburger Wort vum 7. Dezember 1935, S. 11).

1933 huet de Bos d'Apdikt un den Édouard Widung weiderverkaaft[5]. Hien huet duerno d'pharmazeutesch Firma "Propharma“ resp. "Laboratoires Propharma" gegrënnt, déi an der Fresez-Strooss an der Stad Lëtzebuerg war. Ufanks vun den 1950er Joren huet hien de Betrib op Ierpeldeng bei Ettelbréck verluecht[6].

De Jacques Bos war mat der Susanne Georges bestuet.

Literatur änneren

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg, S. 1-652.

Referenzen änneren

  1. Kugener 2005, S. 167.
  2. wort.lu vum 26. Mäerz 2007
  3. Recueil officiel des marques de fabrique et de commerce déposées en conformité de la loi du 28 mars 1883, pendant le 1er trimestre 1922. Annexe au Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, mardi, le 23 mai 1922, S. 6-7. [1]
  4. Recueil officiel des marques de fabrique et de commerce enregistrées pendant l'année 1936 en conformité de la loi du 28 mars 1883. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg. Annexe N° 5. Jeudi, 16 juillet 1936. S. 185. [2] - Recueil officiel des marques de fabrique et de commerce enregistrées pendant l'année 1936 en conformité de la loi du 28 mars 1883. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg. Annexe N° 3. Samedi, 26 mars 1938. [3]
  5. Escher Tageblatt 1933, Nr. 214 (14. September), S. 3
  6. Laboratoires Propharma