Nicolas Klees

lëtzebuergeschen Apdikter


Den Henri Nicolas Klees, gebuer den 1. Dezember 1875 zu Esch-Uelzecht, gestuerwen de 25. Januar 1940 an der Stad Lëtzebuerg war e lëtzebuergeschen Apdikter[1].

Nicolas Klees
Gebuer 1. Dezember 1875
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 25. Januar 1940
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den Nicolas Klees ass den 29. Oktober 1898 zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn. Am November 1898 huet hien dem Corneille Schroeder d'Mouerenapdikt an der Groussgaass an der Stad Lëtzebuerg ofkaaft[2]. 1908 huet hien d'Apdikt an d'Nopeschhaus (?) verluecht; d'Enseigne mat den zwéin drop gemoolte Moueren huet hie mat zwéi Majolika-Moueren ersat[1]. Spéider (zirka 1921)[3] huet de Klees d'Apdikt un de Jacques Bos verkaaft.

Am Joer 1906 huet de Klees zwéi Produiten als eege Marken deposéiert: Wundsalbe "Rapid" an Antiseptische Haartinktur "Jaguarol",[4] an am Joer 1912 d'Marke Liver Pills a Rapid Pastillen[5].

Literatur änneren

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 653-1342.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Kugener 2005, S. 835.
  2. Luxemburger Wort 1898, Nr. 227 (23. November), S. 3 (Apothekerwesen) [1]. Beim Kugener 2005, S. 835 a beim Toelle 1920, S. 11 a S. 17, steet als falscht Verkafsjoer: 1899.
  3. wort.lu vum 26. Mäerz 2007
  4. Recueil officiel des marques de fabrique et de commerce déposées en conformité de la loi du 28 mars 1883. Annexe au Mémorial du Grand-Duché de Luxembour, lundi, 2 juillet 1906, S. 4. [2]
  5. Recueil officiel des marques de fabrique et de commerce déposées en conformité de la loi du 28 mars 1883. Annexe au Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, mercredi, le 31 juillet 1912, S. 7. [3]