Édouard Widung

lëtzebuergeschen Apdikter


Den Nicolas André Édouard Widung,[1] gebuer den 10. Juli 1906, gestuerwen den 31. Mäerz 1991 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Apdikter[2].

Édouard Widung
Gebuer 10. Juli 1906
Gestuerwen 31. Mäerz 1991
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Apdikter

Hien ass den 31. Mee 1930 zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn. 1933 huet hien dem Jacques Bos seng Apdikt, d'Mouerenapdikt um Roude Pëtz an der Stad Lëtzebuerg, ofkaaft[3].

Den Édouard Widung huet sech den 10. Februar 1934 mat der Madeleine Peters bestuet[1],[4].Der Koppel hire Fils, de Robert Widung, gebuer den 11. Mee 1942, ass och Apdikter ginn[5].

Literatur änneren

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3 (S-Z). Eigenverlag, Luxemburg, S. 1343-1756, 1-24.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort 1934, Nr. 95 (6. April), S. 11
  2. Kugener 2005, S. 1706.
  3. Escher Tageblatt 1933, Nr. 214 (14. September), S. 3
  4. Luxemburger Wort 1934, Nr. 40 (9. Februar), S. 4
  5. Kugener 2005, S. 1706, 1707.