Jacques Barrot

franséische Politiker

De Jacques Barrot, gebuer den 3. Februar 1937 zu Yssingeaux a gestuerwen den 3. Dezember 2014 zu Neuilly-sur-Seine, war e franséische Politiker an EU-Commissaire fir Transport, duerno Justiz, a Vizepresident vun der Kommissioun.

Jacques Barrot
Gebuertsnumm Jacques Jules Barrot
Gebuer 3. Februar 1937
Yssingeaux
Gestuerwen 3. Dezember 2014
Neuilly-sur-Seine
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Politiker, Riichter
Partei Union pour un mouvement populaire
Famill
Papp Noël Barrot

De Barrot war Jurist a Soziolog. Vun 1976 bis 1986 war e Member vum Conseil régional vun der Auvergne. Vun 1989 bis 2001 war hie Buergermeeschter vun Yssingeaux. Vun 1976 bis 2004 war och President vum Conseil départemental vun der Haute-Loire.

De Jacques Barrot war vun 1967 bis 2004 Member vun der Assemblée nationale, wou en 1986 bis 1988 President vun der parlamentarescher Kulturkommissioun, a vun 1993 bis 1995 vun der Finanzkommissioun, war.

Vun 1974 bis 1981 a vun 1995 bis 1997 war hie Member vun der franséischer Regierung: Vun 1974 bis 1978 Minister fir Wunnegnsbau, 1977 bis 1978 och fir den Amenagement vum Territoire, 1978 bis 1979 fir den Handel an d'Handwierk, vun 1979 bis 1981 fir Gesondheet a Sozialversécherung an dann nach eng Kéier vun 1995 bis 1997 fir Aarbecht a Soziales.

De Barrot war laang Generalsekretär vum Centre des démocrates sociaux (CDS). Vun 1991 bis 1993 war de Barrot Fraktiounpresident vun der der Union du centre am franséische Parlament, an da bis 1995 delegéierte Fraktionschef vun der Union pour la démocratie française (UDF). Vun 2002 bis 2004 war e President vun der UMP-Fraktioun.

2004 gouf hien Nofollger vum Michel Barnier als Member vun der Europäescher Kommissioun, zoustänneg fir Regionalpolitik, wéi de Barnier Minister a Frankräich gouf. An der Kommissioun Barroso I war e vun November 2004 u Vizepresident an am Ufankt fir den Transport, zoustänneg. Vu Mee 2008 bis Februar 2010 war säin Dossier d'Justiz, Fräiheet a Sécherheet.

Publikatiounen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jacques Barrot – Biller, Videoen oder Audiodateien