De Jacques-Olivier Boudon ass e franséischen Historiker, Schrëftsteller a Professer op der Universitéit Paräis IV - Sorbonne. Seng Haaptrecherchetheme sinn d'Geschicht vun der Franséischer Revolutioun an dem Premier Empire souwéi och d'zäitgeschichtlech Reliounsgeschicht.

Nodeem hien d'École normale supérieure (1984-1988) ofgeschloss hat, gouf hie Fënnefte bei der Aggregatioun fir d'Geschicht am Joer 1986.

Nodeem de Jacques-Olivier Boudon säin Doktertitel an der Geschicht op der Sorbonne am Dezember 1991 gemaach hat, war hie vun 1992 bis 1994 Maître de conférences engersäits um Institut d'études politiques de Paris an op der anerer Säit och fir d'Zäitgeschicht un der Sorbonne vun 1992 bis 1998. Duerno ass de Boudon bis 2003 op d'Universitéit vu Rouen gaangen.

Am Dezember 1997 krut hien d'Habilitatioun fir historesch Recherchen ze maache vun der Universitéit Paräis IV - Sorbonne. Vum 1. Januar 2000 bis 30. Juni 2003 war hien Direkter vum GRHIS (FR, duerno EA).

Zanter dem 1. September 2003 ass hien nees Professer op der Sorbonne an zanter dem 1. Februar 2004 ass hien och Direkter vum CIES-Sorbonne.

Seng Wierker

änneren
  • Les catholiques en France aux XIXe et XXe siècles, La Documentation Française, Paräis, 1994. (Zesummenaarbecht mam Jean-Marie Mayeur).
  • L'épiscopat français à l'époque concordataire (1802-1905): origines, formation, nomination, Éditions du Cerf, Paräis 1996.
  • Le Consulat et l'Empire, Montchrestien, Paräis, 1997.
  • Napoléon à Sainte-Hélène. De l'exil à la légende, Fides, Montréal, 2000.
  • Histoire du Consulat et de l'Empire (1799-1815), Perrin, Paräis, 2000.
  • Paris, capitale religieuse sous le Second Empire, Éditions du Cerf, Paräis, 2001.
  • Religion et culture en Europe au XIXe siècle (1800-1914), Armand Colin, Paräis, 2001.
  • Les élites religieuses à l'époque de Napoléon. Dictionnaire des évêques et vicaires généraux du Premier Empire, Nouveau Monde Edition/Fondation Napoléon, Paräis, 2002.
  • Napoléon et les cultes. Les religions en Europe à l'aube du XIXe siècle (1800-1815), Fayard, Paräis, 2002.
  • Napoléon Ier et son temps, Vuibert, Paräis, 2004.
  • Passion Napoléon. Par l'épée et par la plume, Textuel, Paräis, 2004.
  • La France et l'Europe de Napoléon, Armand Colin, Paräis, 2006.

Ausserdeem huet hie follgend Wierker dirigéiert:

  • Brumaire, la prise de pouvoir de Bonaparte, Colloquium vum 17. November 1999 organiséiert vum Institut Napoléon an der Bibliothèque Marmottan, SPM, Collection de l'Institut Napoléon n° 1, Paräis, 2002.
  • Napoléon et les Lycées. "Enseignement et société en Europe au début du XIXe siècle, Colloquium vum 15. a 16. November 2002 organiséiert vum Institut Napoléon an der Bibliothèque Marmottan, Nouveau Monde Edition/Fondation Napoléon, Paräis, 2004.
  • Armée, guerre et société à l'époque napoléonienne, actes du colloque organisé par l'Institut Napoléon et la Bibliothèque Marmottan, Colloquium vum 15. a 16. Oktober 2000 organiséiert vum Institut Napoléon an der Bibliothèque Marmottan, SPM, Collection de l'Institut Napoléon n° 3, Paräis, 2004.
  • Les troupes de la marine et les colonies sous le Premier Empire, mam Antoine Champeaux, Colloquium vum 28. an 29. Mee 2002 zu Fréjus, Panazol, Lavauzelle, 2005.