Jörg Haider

éisträichesche Politiker
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jörg Haider, gebuer de 26. Januar 1950 zu Bad Goisern (Oberösterreich) a gestuerwe bei engem Autosaccident den 11. Oktober 2008 zu Klagenfurt (Kärnten), war en éisträichesche Politiker.

Jörg Haider
Gebuer 26. Januar 1950
Gestuerwen 11. Oktober 2008
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun, Affekot

Hie war tëscht 1977 an 2005 Member vun der FPÖ a Grënnungs-President vum Bündnis für die Zukunft Österreichs (BZÖ) vun 2005 bis 2008. Hie war Landeshauptmann vum Bundesland Kärnte vun 1989 bis 1991 a vun 1999 bis zu sengem Doud 2008.

Fir vill Leit gëllt hien als Rietspopulist, woubäi virun allem seng Aussoen iwwer d'Drëtt Räich an d'Waffen-SS, seng Positioun zu der sloweeneschsproocheger Minoritéit a Kärnten, a seng Kontakter mam Saddam Hussein a Muammar al-Gaddafi zum Deel staark Kriticke provozéiert hunn.

De Jörg Haider war bestuet an hat zwou Duechteren.

Gielercher änneren

  •   Großes Silbernes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Jörg Haider – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten