Jérôme Jaminet
lëtzebuergesche Schrëftsteller
De Jérôme Jaminet, gebuer de 27. September 1979 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Philosoph, Auteur a Literaturkritiker.
Jérôme Jaminet | |
---|---|
Gebuer |
27. September 1979 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Philosoph, Literaturkritiker, Schrëftsteller, Aphoristiker |
Hien huet bis ewell haaptsächlech als Auteur vu Lyrik an Aphorismen, awer och vun Essaien iwwer Méisproochegkeet an Educatioun op sech opmierksam gemaach. Donieft huet hien als fräie Literaturkritiker fir d'Wochenzeitung D'Lëtzebuerger Land geschafft a présentéiert zanter 2014 an der nämmlechter Qualitéit d'Emissioun Book Look op Eldoradio.
Säi Wierk
änneren- Gedankenstille. Essays, Aphorismen und Gedichte, Nordhausen 2003 [als Auteur]
- Paul Ricoeur: Intellektuelle Autobiographie. In: Vom Text zur Person. Hermeneutische Aufsätze (1790-1999), 2007, Felix Meiner Verlag, Hamburg [als Iwwersetzer]
- Wie es ist. Momentaufnahmen, Nordhausen 2007 [als Editeur]
Literatur
änneren- Conter, Claude D., 2007. Jaminet, Jérôme. S. 295-296 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. Online-Versioun. Stand: 28. September 2011. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/325/325/DEU/index.html [opgeruff de 4. Januar 2012].