Den Irakkrich oder Drëtte Golfkrich (och alt Zweeten Irakkrich genannt), war eng Militärinvasioun vun den USA, Groussbritannien an enger Koalition vu ronn 30 Staaten (Coalition of the Willing) am Irak, déi ouni UNO-Mandat gemaach gouf an deemno géint dat Internationalt Recht verstouss huet. En huet den 20. Mäerz 2003 mat der Bombardéierung vu Bagdad ugefaangen an huet zu der Eruewerung vun der irakescher Haaptstad an zum Stuerz vum irakesche Staatspresident Saddam Hussein gefouert. Den 1. Mee 2003 huet den US-President George W. Bush dat viktoriéist Enn vum Krich ("Mission accomplished") erkläert.

D'US-Regierung vum Bush hat schonn am Januar 2001 mam Gedanke gespillt, de Saddam Hussein ze stierzen. D'Terrorattacke vum 11. September 2001 hu mat dozou bäigedroen, en Invasiounsplang national an international duerchzusetzen. Si huet deen als noutwennege Preventivkrich deklaréiert, fir eng irakesch Attack mat Massenvernichtungswaffen op d'USA, déi soi-disant drop an dru wier, ze verhënneren. Si krut dofir awer keen Mandat vum UN-Sécherheetsrot an huet de Verbuet vun engem Ugrëffskrich an der UN-Charta gebrach.

D'USA a Groussbritannien hunn d'UN-Resolutioun 1441 géint déi aner Membere vum Sécherheetsrot als Mandat fir enn Ugrëff ausgeluecht an hu mam Veto, déi se do hunn, verhënnert, datt den UN-Sécherheetsrot den Irakkrich verurteelt huet. Well am Irak, entgéint de Behaaptungen ë. a. vum Colin Powell am Sécherheetsrot, bis op e klenge Rescht vu fréier, keng Massevernichtungsmëttel a keng Beweiser fir akut Ugrëffspläng op d'USA fonnt goufen, ass et erwisen, datt d'Begrënnung fir den Irakkrich falsch war. Och fir soi-disant Verbindunge mat der Al-Qaida gouf et keng Beweiser. D'Justifikatioun fir de Krich gëtt dacks als en expresse Bedruch vun der Weltëffentlechkeet bewäert, an et gëtt dacks ugeholl, datt déi verstoppt, tatsächlech Grënn fir de Krich geopolitesch an ekonomesch Interesse vu westleche Staaten, virop d'USA, waren.

Ausbléck änneren

Wéi bis 2011 d'Besatzungstruppen ofgezu gi waren, ass et kee Fridden am Land ginn. D'Expansioun vum sougenannten Islamesche Staat an d'Irakkris vun 2014 ginn dacks als direkt Suitë vum Krich ugesinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Iraq War – Biller, Videoen oder Audiodateien