Islamesche Staat

islamistesch Terrororganisatioun

Den Islamesche Staat (IS, bis Juni 2014 Islamesche Staat am Irak an a Syrien - ISIS, arabesch DAESH), ass eng zanter 2003 aktiv islamistesch Terrororganisatioun mat engem dschihadistesche Staatsbildungsprojet, déi grouss Gebidder am Irak an a Syrien a méi klenger a Libyen beherrscht. Am Mäerz 2015 soll sech hinnen och Boko Haram aus dem Nigeria ugeschloss hunn. Si besteet aus Zéngdausende sunittesche Milizionären, déi sech um Wahhabismus/Salafismus orientéieren.

Gebitt ënner IS-Kontroll (rout markéiert)
Schwaarzen dschihadistesche Fändel vum IS

Entwécklung änneren

D'Gruppéierung huet an de fréie Jore vum Irakkrich ugefaangen a sech 2004 mat Al-Qaida zesummegedoen. Am Februar 2014 huet no engem interne Muechtkampf vun aacht Méint Al-Qaida dem IS de Réck gedréit. Den 29. Juni 2014 huet den IS no der militärescher Eruewerung vun engem zesummenhängende Gebitt am Nordweste vum Irak (Héichbuerg Mossul) an am Oste vu Syrien (Héichbuerg Rakka) en als Kalifat bezeechnete Staat ausgeruff.

D'Organisatioun ass och a verschiddenen anere Staaten aktiv an ëmgaachelt potentiell nei Membere fir hire Biergerkrich an aner Aktivitéiten. Si gëtt beschëllegt Vëlkermuerd an aner Krichsverbriechen ze begoen, an terroristesch Attentater ze veräntwere wéi z. B. d'Bomm den 31. Oktober 2015 am russesche Fliger iwwer Egypten mat 224 Doudeger oder d'Attentater den 13. November 2015 zu Paräis mat 130 Doudeger.

Zanter August 2014 sinn IS-Truppen d'Zil vun US-amerikanesche Loftugrëffer, deene sech an de Méint drop eng sëllegen aner manner aktiv Länner ugeschloss hunn. Vu September 2015 u flitt och Russland Loftugrëffer, ouni formell der Koalitioun unzegehéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Islamesche Staat – Biller, Videoen oder Audiodateien