Nair-al-Saif (Stär)
(Virugeleet vu(n) Iota Orionis)
Nair Al Saif ass den Numm vum Stär ι Orionis (Iota Orionis). Den Nair Al Saif (arab. „d'Spëtzt vum Schwäert“) ass en Duebelstär aus engem +2,77 mag helle Stär mat der Spektralklass O9III an ee +6,9 mag helle Begleeder vum Spektraltyp B7. De Begleeder steet an engem Wénkelofstand vun 11,3" bei engem Positiounswénkel vun 141 Grad vis-à-vis vum Haaptstär. De Nair Al Saif ass zirka 1.325 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech (Hipparcos-Datebank).
Koordinaten (Equinoxe J2000.0):
- Rektaszensioun: 5h 35m 26,00s
- Deklinatioun: -05° 54′ 36,0″