Hëseng ass e Flouer zu Rëmeleng, dee sech vum Laangegrond bis d'hënnescht Häd erstreckt.

An Hëseng zu Rëmeleng
Wee fir an Hëseng

D'Flouernimm sinn 1823 an de Kadaster komm fir eng besser Beschreiwung ze hu wéi a wou e Stéck Land louch dat engem gehéiert huet. Dat huet alt um Plang zu villen Ecken a Bëlze gefouert, wat sécher wichteg war fir d'Landbesëtzer, mee éischtens verännert sech mat der Zäit emol d'Zesummestellung vun engem Besëtz oder souguer d'ganz Landschaft, an zweetens verkuebelt et héchstens en haitege Spadséiergänger dee sech orientéiere wëll an net onbedingt d'genee Grenz vu Propriétéite vu virun zwee Joerhonnerte studéiere wëll. Fir d'Bestëmmung wat genee zu Hëseng zielt ass sech op de Kadasterplang baséiert ginn, wat déi eng oder aner glunge Kanten erkläert, mä aner Ecken déi der Definitioun vum Flouer widersprieche goufen erausgeholl. Et ass unzehuelen, datt de Flouer sech uganks nach méi an de Laangegrond gezunn huet, well de Koschtesch Nic. weist a senger Festschrëft drop hin datt e viraals bei der "Villa Lejeune" ugefaaang huet, déi sech haut awer net méi lokaliséiere léisst.

Den Urspronk vum Flouernumm léisst sech dem Prof. Nic. van Werweke no an enger klenger Usiidlung vermudden, déi iergendwann zerstéiert ginn ass. D'Endung "-eng" deit eigentlech drop hin, datt d'Franken hir Fangere beim Numm mat am Spill haten. Op virun deenen och eng gallo-réimesch Häip do stoung ass Spekulatioun. Als bal sécher muss een awer unhuelen, datt d'Hunnen am Joer 451 ënnen eng méi oder manner laang Rascht gehalen hu wéi se vun Tréier op Metz gezu sinn, well d'Hësengerlach a senger fréirer ganzer Ausdeenung gouf nach bis an d'16. Joerhonnert eran o nach "Hunnendall" genannt[1]. Dës weidere kann een op Basis vum Flouer "Vir Mouer" unhuelen, datt d'Waasser dat fréier am Vëllege vun der Hësenger Quell koum an engem Mouer gestaut gouf deen als Waasserreserve gedéngt huet[2].

Uganks vum 19. Joerhonnert war an Hëseng e schéine Gemengebësch vun 29 ha. Fir d'Rëmelenger Leit war alles vum Hësenger Lach bis erop op d'Hësenger Kopp Synonym mat Natur an Erhuelung, sou datt et en dacks besicht Ausfluchszil war.

Eemol koum et awer zu engem trageschen Ongléck. Iwwer d'Hësengerlach ass och d'Minettseelbunn gaang, a wéi zwéi Seelbunnschlässer Reparaturen um Droseel ze maachen haten an de Stroum ze fréi ageschalt gouf, do koume se net méi aus de Féiss a sinn aus grousser Héicht erofgefall. Zeie war de Jenny Weinandt-Gitt, deen ënner Schwénkert säin Aker geplout huet.

Obwuel hautdesdaags d'Intermoselle de Laangegrond, Pafert an den ënneschten Deel vun Hëseng fir sech ofgespaart huet, kann een och haut nach gutt d'Natur genéissen, z. B. andeems een um Wee vun der hënneschter Häd op den Arbedshaff am Bësch zweemol riets ofbéit, fir dann an d'Hësenger Lach ze kommen, eng enk Schlucht vu just enger 50 m Breet. D'Hësenger Quell versickert wuel zum Deel an ënnerierdesche Galerien, mä e klenge Weier bréngt se ëmmer nach zuwee, wann och net méi wéi viraals Fësch dra liewe kënnen.

Referenzen änneren

  1. Duebelakt vum 24. Februar 1534 an 22. Abrëll 1535 (In: Arch. Gouvernement, Régime A, Sectioun 36, Farde 2), ausgestallt vun Mënsterabtei, an deem ë. a. rieds geet vun engem Stéck Akerland am "Hunnenthal" net wäit ewech vum "Kloselach", dat et haut net méi gëtt mä dat kloer um Ausgank vum Laangegrond louch.
  2. Nicolas Charpentier, Rümelinger Land und Leute, 1957