Europäeschen Ombudsmann

Den Europäeschen Ombudsmann (oder Mediateur) ass de Vermëttler tëscht den europäesche Bierger an den europäeschen Institutiounen. All Bierger, all Entreprise, a jiddwereen, deen an engem EU-Land säi Wunnsëtz huet, ka bei him eng Plainte areechen, wann e fënnt, datt eng vun dësen Institutiounen net rechtméisseg oder net reglementär gehandelt huet.

Seng Funktioun gouf duerch den Traité iwwer d'Europäesch Unioun ("Traité vu Maastricht") 1992 agefouert. Den europäeschen Ombudsmann gëtt op fënnef Joer vum Europäesche Parlament gewielt. Zanter 2013 ass dat d'Emily O'Reilly. Hire Virgänger war, vun 2003 bis 2013, den Nikiforos Diamandouros.

Seng Aufgaben

änneren
  • Hien dréit dozou bäi, Fäll vu "schlechter Administratioun" an den Europäeschen Institutiounen an Agencen opzedecken. "Schlecht Administratioun" ass, wann eng europäesch Verwaltung entweeder net gehandelt huet, wa s'eppes hätt misse maachen, oder dat, wat se gemaach huet, falsch gemaach huet.
Beispiller wieren: Ongläich Behandlung, Diskriminéierung, Muechtmëssbrauch, keng Informatioun ginn, net justifiéiert Verspéidung, oder d'net korrekt Applikatioun vu Prozeduren.
  • Den Europäeschen Ombudsmann an den europäeschen Institutioune Recommandatioune maachen, an dem Europäesche Parlament matdeele, wann et Problemer gouf, fir datt dëst déi néideg politesch Mesurë kann huelen.

Wéi kann een eng Plainte beim Mediateur maachen?

änneren

Wann der Iech als Affer vun "schlechter Administratioun" (kuckt uewen) duerch en Organ oder eng Instanz vun der EU spiert, musst Der Iech fir d'éischt op normalem administrative Wee un dëst wennen, fir ze probéieren, sou d'Situatioun riicht gebéit ze kréien.

Wann dat net geléngt, kënnt der eng Plainte beim Mediateur areechen. Dëst däerf net méi spéit wéi 2 Joer nodeem der vun dëser 'schlechter Administratioun' gewuer gouft, geschéien. An ärer Plainte musst der genee uginn, wien der sidd, an iwwer wat der iech beschwéiert. Dir kënnt froen, datt är Donnéeë vertraulech behandelt ginn. Eng wichteg Konditioun, fir datt är Plainte ka vum Ombudsmann behandelt ginn, ass, datt se (nach) net virun engem Geriicht agereecht ginn ass.

Méi genee Detailer fannt der um Europäeschen Ombudsmann senger Websäit.

Wat geschitt dann?

änneren

Den Europäeschen Ombudsmann mécht eng Enquête op. D'Europäesch Institutioune mussen him all déi Informatiounen iwwer déi Saach, ëm déi et geet, liwweren, an him Zougank zu deenen Dossiere ginn.

Wann de Mediateur da feststellt, datt et sech effektiv ëm "schlecht Administratioun" gehandelt huet, informéiert en déi betraffen Institutioun doriwwer a mécht e Projet wat hie wëlles huet, ze recommandéieren. Dës Institutioun huet dann 3 Méint Zäit, fir dozou Stellung ze huelen an hir Meenung zu där Saach ze ginn.

Duerno mécht de Mediateur säin definitive Rapport fir d'Europäescht Parlament an déi betraffen Institutioun an informéiert deen, dee sech beschwéiert huet, iwwer d'Resultat vu senger Enquête.

D'Fäll, mat deenen en ze dinn hat, publizéiert de Mediateur all Joer an engem Rapport.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
  Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.