D'Ino war an der griichescher Mythologie eng Kinneksduechter déi spéider zur Séigëttin Leukothea ginn ass. Si war d'Duechter vum Kadmos an der Harmonia, Schwëster vum Agaue, Semele an Autonoe. Si war d'Fra vum Athamas a Mamm vum Learchos a Melikertes.

"Ino et Mélicerte", Skulptur vum Pierre Granier am Park vu Versailles

D'Ino soll op d'Kanner vun hirem Mann an deem senger éischter Fra Nephele jalous gewiescht sinn a wollt s'allen zwee, de Phrixos an d'Helle, afferen. D'Kanner konnte sech awer um Réck vum Widder mam gëllene Vlis, dem Chrysomeles, dee fléie konnt, retten. Leider ass den Helle awer ënnerwee an d'Mier gefall wat zanterhier den Numm Hellespont dréit. De Phrixos huet Kolchis erreecht.

Nom Doud vun hirer Schwëster Semele huet d'Ino hire Jong, den Dionysos, deen d'Semele vum Zeus empfaangen hat, an deen den Zeus a sengem Déckt vum Been ausgedroen huet, opgezunn, wat der Hera (dem Zeus senger Fra) guer net gefall huet. Si huet den Athamas verréckt gemaach an hien huet a sengem Wahn de Learchos mat Fäil a Bou niddergeschoss.

D'Ino ass mat hirem zweete Jong Melikertes geflücht an huet sech zesumme mat him vun de Klippen erof an d'Mier gehäit. Do si si vun de Nereïden opgeholl ginn an den Zeus huet d'Ino zur Séigëttin Leukothea an hire Jong zum Gott Palaemon erhuewen.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Ino – Biller, Videoen oder Audiodateien