De Kadmos war de Jong vum phenizesche Kinnek Agenor vun Tyros a vun der Thelephassa (enger anerer Versioun no vum Ariope), Brudder vun enger Rei Gesëschter, ënner anerem der Europa. Hie war mat der Harmonia bestuet a Papp vu 4 Duechteren: d'Ino, d'Autonoe, d'Agaue an d'Semele.

Nodeem d'Europa vum Zeus entfouert ginn war, huet de Kadmos vu sengem Papp den Uerder kritt seng Schwëster ze sichen. En huet ouni Succès eng laang Rees gemaach a schliisslech d'Orakel vun Delphi befrot, dat em geroden huet enger Kou nozegoen, an do wou se sech géif néierleeën, eng Stad ze grënnen. D'Déier huet e bis a Süd-Böotien gefouert, wou et sech op engem Hiwwel an der Géigend vum Floss Asopos néiergelooss huet.

Du wousst de Kadmos datt en do seng Stad géif grënnen an en huet beschloss de Gëtter d'Kou z'afferen. En huet e puer Leit geschéckt an eng Quell déi nobäi war d'Waasser fir d'Afferritual sichen ze goen. D'Quell war awer dem Krichsgott Ares geweit an ass vun engem schecklechen Draach bewaacht ginn deen dem Kadmos seng Leit ugegraff a gefriess huet. Wéi se net méi erëmkoumen, ass de Kadmos no hinne kucke gaangen an et ass him gelongen den Draach z'erleeën.

Op Rot vun der Pallas Athena huet de Kadmos d'Zänn ausgebrach a s'an de Buedem geséit. Doraus sinn Zaldote gewuess, déi sech direkt géigesäiteg ëmbruecht hunn, bis op déi fënnef sougenannt Spartoi, déi d'Stammhelde vun den Thebaner goufen.

De Kadmos huet dem Ares wärend 8 Joer misse verschidde Skavendéngschter leeschten fir den Doud vum Draach ze béissen. Duerno huet en d'Harmonia bestuet, där den Hephaistos als Hochzäitscadeau e wäertvolle Collier, dat sougenannt Halsband vun der Harmonia, geschenkt huet, dat all senge Besëtzer Ongléck bruecht huet.

Vum Kadmos gëtt erzielt en hätt d'phenizescht Alphabet a Griicheland bruecht an eng geseent Herrschaft iwwer Thebe gehat. Spéider soll e mat senger Fra an Illyrien gaange sinn, wou en och Kinnek gouf. Déi zwee si schliisslech a Schlaange verwandelt an an den Elysion versat ginn.

D'Geschicht vum Kadmos huet bei de Griichen als Grënnungsso vun Thebe gegollt. Den Ursprong vum thebanesche Kinnekshaus gëtt op d'Phenizier zeréckgefouert.

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck

änneren
Commons: Kadmos – Biller, Videoen oder Audiodateien