Ingrid van Houten-Groeneveld

hollännesch Astronomin

D'Ingrid van Houten-Groeneveld (gebuere Groeneveld) ass eng hollännesch Astronomin, déi op der Universitéit Leiden geschafft huet.

Dr. Ingrid van Houten-Groeneveld

Zesumme mat hirem Mann Cornelis Johannes van Houten an dem Astronom Tom Gehrels war si am Beräich vum Palomar-Leiden-Survey un der Entdeckung vun engem Total vun 3.133 Asteroide bedeelegt.

Dobäi huet de Gehrels ëmfaangräich Himmelsfotoe mam 48’’-Schmidt-Teleskop vum Palomar-Observatoire an den USA gemaach. D'fotografesch Plakke goufen no Holland verschëfft an op der Universitéit vu Leiden fir d'Bestëmmung vun den Asteroiden ënnersicht.

No der Ingrid van Houten-Groeneveld ass den Asteroid (1674) Groeneveld genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren