Cornelis Johannes van Houten

hollänneschen Astronom

De Cornelis Johannes van Houten, gebuer 1920 zu Den Haag a gestuerwen de 24. August 2002, war en hollänneschen Astronom. Heiansdo gëtt säin Numm an der Literatur och als Kees van Houten ernimmt.

Cornelis Johannes van Houten
Gebuer 18. Februar 1920
Den Haag
Gestuerwen 24. August 2002
Den Haag
Nationalitéit Holland
Educatioun Universitéit vu Leiden
Aktivitéit Astronom
Famill
Bestuet mat Ingrid van Houten-Groeneveld

Mat Ausnam vun enger kuerzer Zäit als Assistent um Yerkes-Observatoire an Amerika, vun 1954 bis 1956, huet de van Houten seng ganz berufflech Lafbunn an der Universitéit vu Leiden verbruecht.

Duerch den Ausbroch vum Zweete Weltkrich huet hie säi Studium missen ënnerbriechen a konnt eréischt am Joer 1952 promovéieren.

Hien huet d'Astronomin Ingrid Groeneveld bestuet, déi den Numm Ingrid van Houten-Groeneveld ugeholl huet. Si hunn zesummen e Jong, de Karl.

De Van Houten, seng Fra an den Astronom Tom Gehrels waren zesummen en erfollegräiche wëssenschaftlechen Trio, deen am Kader vum Palomar-Leiden-Survey am Ganzen 3.133 Asteroiden entdeckt huet. De Gehrels huet ëmfangräich Stärefotoe mam 48 Zoll-Schmidt-Teleskop vum Palomar-Observatoire an Amerika gemaach. D'fotografesch Placke goufen no Holland verschëfft an op der Universitéit Leiden ausgewäert, fir d'Asteroiden ze bestëmmen. Aus der statistescher Verdeelung vun hiren Ëmlafbunnen huet sech erginn, datt Asteroiden a Gruppen ëm d'Sonn lafen.

De Van Houten huet ausserdeem d'Radialvitess vun enken Duebelstäre studéiert.

Bis zu sengem Doud huet hien Artikelen iwwer Asteroiden a bedeckungsverännerlech Duebelstäre publizéiert. No him gouf den Asteroid (1673) van Houten genannt.

Um Spaweck änneren