Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste

Film vun der Margarethe von Trotta (2023)

Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste ass en éisträichesch-schwäizeresch-lëtzebuergesche Film vun der Margarethe von Trotta, deen den 19. Februar 2023 an der offizieller Selektioun vun de Filmfestspiller zu Berlin seng Avant-Première hat. Et ass eng Filmbiographie iwwer d'Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann (gespillt vun der Vicky Krieps) an där hir Bezéiung zum Max Frisch.

Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste
Film
Produktiounsland Éisträich,
Lëtzebuerg,
Schwäiz,
Däitschland
Première 19. Oktober 2023
Dauer 110 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Margarethe von Trotta
Dréibuch Margarethe von Trotta
Fotografie Martin Gschlacht
Schnëtt Hansjörg Weißbrich
Produzent Katrin Renz,
Bady Minck,
Alexander Dumreicher-Ivanceanu,
Bettina Brokemper
Produktiouns-
gesellschaft
Amour Fou
Schauspiller
Vicky Krieps,
Ronald Zehrfeld,
Tobias Resch,
Basil Eidenbenz,
Luna Wedler,
Marc Limpach
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

E kënnt am Oktober 2023 an Däitschland an d'Kinoen.

Ëm wat geet et am Fim? änneren

De Film erzielt vum Liewe vun der éisträichescher Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann, déi zu Berlin, Zürich a Roum gelieft huet. En thematiséiert ënner anerem hir Relatioun mam Max Frisch, hir Rees an Egypten, souwéi hir radikal Texter a Liesungen. De Motto vun hirer Literatur wéi vun hirem Liewe war: "Et kann een dem Mënsch d'Wourecht zoumudden".[1]

Produktioun änneren

De Film gouf tëscht dem 28. Mäerz 2022 an dem 6. Juni 2022 zu Wien, Roum, Zürich a Lëtzebuerg (Studioopnamen am Filmland) gedréint.[2][3]

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ingeborg Bachmann – Reise in die Wüste – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste. In: polyfilm.at (nogekuckt 23. Januar 2023).
  2. "Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste." op crew-united.com, 5 Februar 2023.
  3. "Ingeborg Bachmann - Reise in die Wüste 2022/2023 Spielfilm." filmportal.de, gekuckt 2023-02-20.