IUEOA war eng lëtzebuergesch kulturell Zäitschrëft iwwer Ëmwelt an nohalteg Entwécklung. Si ass vun der Association sans but lucratif mam selwechten Numm erausbruecht ginn an hat den Ënnertitel Magazine du développement culturable.

IUEOA hat eng Oplo vun 3.000 Exemplairen a war op Franséisch an Englesch.[1]

Chefredaktere waren d'Sarah Cattani an de Sven Becker. De Sëtz vun der Redaktioun war an der Stad Lëtzebuerg.

Déi fënneft a lescht Ausgab ass 2011 erauskomm.

Ausgaben änneren

  • N°001: Eau / Water (2009)
  • N°002: Alimentation / Food (2010)
  • N°003: Air (2010)
  • N°004: Ne pas jeter - Do not dump (2011)
  • N°005: Vivre sans / Living without (2011)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. D'Lëtzebuerger Land: "Little miss sunshine" (24. Februar 2012; gekuckt de 15. Juni 2012)