IOK-1 ass am Moment[Wéini ?] déi eelst bekannt Galaxie, an domat déi, déi am wäitse vun der Äerd ewech läit. Si gouf am Abrëll 2006 vum Masanori Iye vum National Astronomical Observatory of Japan mat dem Subaru-Teleskop op Hawaii am Stärebild Coma Berenices entdeckt.

D'Ënnersiche vun der Lyman-Alpha-Linn hunn eng Routverrécklung vu 6,96 erginn, wat engem Alter vun 12,95 Milliarde Joer (also nëmme 750 Millioune Joer nom Urknall) entsprécht.

Daten änneren