Waassermilben

(Virugeleet vu(n) Hydrachnidia)

D'Séisswaassermilben (Hydrachnidiae, fréier: Hydrachnellae) sinn eng Grupp vu Parasitengonina, déi am Waasser liewen, an der Ënneruerdnung Prostigmata vun de Milben. Jee no Auteur gëtt s'a 7 bis 8 Iwwerfamilljen ënnerdeelt, weider a 47 Famillen a weltwäit am Ganzen an e puer Dausend Aarten.

Milben
eng Méck, déi vu Séisswaassermilbe befall ass

eng Méck, déi vu Séisswaassermilbe befall ass
eng Méck, déi vu Séisswaassermilbe befall ass
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Ënnerstamm: Chelicerata
Klass: Spannendéieren
Ënnerklass Milben (Acari)
Iwweruerdnung: Acariformes
Uerdnung: Trombidiformes
Ënneruerdnung: Prostigmata
Wëssenschaftlechen Numm
'Hydrachnidiae'
Eng Séiisswaassermilb (1,1 mm) aus aus engem Flaache Weier zu Omsk am Liichtmikroskop.

Dës Milbe liewen an all Zorte vu Fiichtbiotopen, wéi Stëllgewässer (Suppen, Séien, Weieren) a Fléissgewässer (Flëss, Baachen a Quellen). E puer Aarte kommen och am Grondwaasser vir.

Systematik änneren

An Europa kommen dës Iwwerfamilljen a Famille vir:[1]

Aarten (Auswiel) änneren

  • Arrenurus buccinator
  • Arrenurus globator
  • Atractides ovalis
  • Frontipoda musculus
  • Hydrachna globosa
  • Hydrachna geographica
  • Hydrodroma despiciens
  • Hydryphantes ruber
  • Hygrobates longipalpis
  • Eylais extendens
  • Lebertia insigens
  • Lebertia lineata
  • Limnesia spec.
  • Limnochares aquatica
  • Neumania vernalis
  • Panisus michaeli
  • Piona nodata
  • Sperchon glandulosus
  • Unionicola aculeata

Referenzen änneren

  1. Gerald W. Krantz, David E. Walter (Hrsg.): A Manual of Acarology. 3rd edition. Texas Tech University Press, Lubbock TX 2009, ISBN 978-0-89672-620-8, S. 256–272.

Literatur änneren

  • Ilse Bartsch, Cornelis Davids, Ralf Deichsel, Antonio Di Sabatino, Grzegorz Gabrys, Reinhard Gerecke, Terence Gledhill, Peter Jäger, Joanna Makol, Harry Smit, Henk van der Hammen, Gerd Weigmann, Andreas Wohltmann, Eberhard Wurst: Chelicerata: Acari I (= Süßwasserfauna von Mitteleuropa. 7/2-1). Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg 2007, ISBN 978-3-8274-1693-3.
  • Antonio Di Sabatino, Reinhard Gerecke, Terence Gledhill, Harry Smit: Chelicerata: Acari II (= Süßwasserfauna von Mitteleuropa. 7/2-2). Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg 2010, ISBN 978-3-8274-1894-4.
  • Reinhard Gerecke: Süßwassermilben (Hydrachnellae) Ein Bestimmungsschlüssel für die aus der Westpaläarktis bekannten Gattungen der Hydrachnellae mit einer einführenden Übersicht über die im Wasser vorkommenden Milben. In: Lauterbornia. H. 18, 1994, ISSN 0935-333X, S. 1–84.

Um Spaweck änneren