Séissel

Handwierksgeschier
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Séissel ass e Geschier fir Gras a Fruucht ze méien. Eng Séissel besteet aus zwéin Haaptdeeler, dem Blat an dem Wuerf.

Eng Séissel
Wéi eng Séissel entsteet

Eng Séissel mat engem kuerze Blat ass eng Heedséissel.

D'Séissel ass och de Symbol vum Doud. Den Doud gëtt dacks als de Mann mat der Séissel duergestallt.

Fir d'Séissel ze schäerfen hat de Méiert e Wetzsteen an engem mat Waasser gefëllte Kecher an der Säit un engem Rimm hänken.

Dacks huet de Méiert, wa se beim Méien ze stompech gi war, a Kräck am Blat waren, Material vum Blat misse verdënnen, fir se erëm besser kënnen ze wetzen. Dofir hat hien en ofgerënnten Hummer an e stole Stack deen an de Buedem geschloe gouf an op deem dann d'Séissel gedengelt gouf, dat heescht et gouf duerch hämmeren e klenge manuelle kale Walzvirgank gemaach bei deem d'Material hanner der Schneid erdënnert gouf.

Beim Méie mat der Séissel koum de Bauer fréier schéin un d'Schweessen

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Séisselen – Biller, Videoen oder Audiodateien