Hollännesch

germanesch Sprooch
(Virugeleet vu(n) Hollännesch Sprooch)
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hollännesch
Nederlands
Gëtt geschwat an: Holland
Aruba
Belsch
Curaçao
Däitschland
Frankräich
Sint Maarten
Surinam
an an anere Länner
Regioun: Europa, Karibik
Gëtt geschwat vun: 30.000.000
Mammesprooch: 25.000.000
Klassement: 37
Klassifikatioun no Famill: Indoeuropäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Holland
Belsch
Curaçao
Sint Maarten
Surinam
Reglementéiert vun: -
Sproochcoden
ISO 639-1 nl
ISO 639-2 dut
ISO 639-3 nld

Hollännesch ((nl): Nederlands, Nederlandse taal) ass eng westgermanesch Sprooch, déi weltwäit vun ongeféier 30 Millioune Leit geschwat; fir ronn 25 Millioune Leit ass et d'Mammesprooch.[1]

Offiziell Sprooch

änneren

Hollännesch ass eng vun den offizielle Sprooche vun der Europäescher Unioun. Et gëtt offiziell an Holland, an der Belsch, an ausserdeem och zu Kleve (Däitschland) an a Frans-Vlaanderen, am Nordweste vu Frankräich geschwat.

Baussent Europa gëtt Hollännesch och nach op Aruba, Sint Maarten a Curaçao (status aparte vum Kinnekräich Holland), an am Surinam geschwat.

Afrikaans, dat a Südafrika an an Namibie geschwat gëtt, ass eng Duechtersprooch vum Hollänneschen.

Geographesch Verbreedung

änneren

Diffusioun vum Hollänneschen

änneren

Schreifweis an Aussprooch

änneren

D'Orthographie vun der Standardsprooch, d'Algemeen Nederlands, gëtt vun der Nederlandse Taalunie (Hollännesch Sproochenunioun) festgeluecht. D'Nederlandistik fuerscht, dokumentéiert a vermëttelt d'hollännesch Sprooch an d'Literatur an hiren historeschen an zäitgenëssesche Formen.

Alphabet

änneren

D'Hollännesch Sprooch gëtt mam Laténgeschen Alphabet geschriwwen.

Grammaire

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Textbeispill

änneren
Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter (Artikel 1)
Hollännesch[2] Lëtzebuergesch
Alle mensen worden vrij en gelijk in waardigheid en rechten geboren. Zij zijn begiftigd met verstand en geweten, en behoren zich jegens elkander in een geest van broederschap te gedragen.

All Mënsch kënnt fräi a mat der selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen.

Um Spaweck

änneren
Wikipedia op Hollännesch
Commons: Hollännesch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. (nl)Taalunie. taalunie.org. Gekuckt de(n) 23.11.2024.
  2. United Nations Department of Public Information, NY, Universal Declaration of Human Rights. www.ohchr.org. Gekuckt de(n) 22.11.2024.