Indoeuropäesch Sproochen
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mat méi wéi dräi Milliarde Sproochler vu ronn 400 Sproochen, sinn d'indoeuropäesch Sproochen, oder d'indogermanesch Sproochen déi gréisst Sproochefamill op der Welt no der Zuel vu Mammen- an L2-Sproochler, an déi fënneftgréisst Famill no der Zuel vu Sproochen an Dialekter[1]. No der europäescher Expansioun zanter dem 15. Joerhonnert gi s'op alle Kontinente geschwat[2].
D'indoeuropäesch Sprooche gehéieren zu der hypotetescher nostratescher Makrofamill[3]. Déi exakt Urheemecht vun den Indoeuropäer (Indogermanen) a vun hirer indoeuropäescher Ursprooch ass nach onbekannt, eng vun de warscheinlechen Urheemechte vun der Sproochefamill kann déi archeologesch Jamna-Kultur am Territoire vun der moderner Ukrain a vum moderne Südwest- a Südrussland ginn[4].
D'germanesch Sproochen, ënner anerem Lëtzebuergesch gehéieren och zu der indoeuropäescher Famill.
Klassifikatioun
änneren- Areschen Aascht
- Nurestaneschen Ënneraascht
- Indoiranesch Ënneraascht
- Indoaresch Sproochen
- Dardesch Sproochen
- Iranesch Sproochen
- Nordostiranesch Sproochen
- Nordwestiranesch Sproochen
- Südostiranesch Sproochen
- Südwestiranesch Sproochen
- Hellenesch-phrygesch-armeeneschen Aascht
- Phrygesch Sproochen †
- Armeenesch (gesamt Sprooch oder Grupp mat zwéi Sproochen)
- Hellenesch Sproochen
- Balkanindoeuropäeschen Aascht
- Illyresch Sproochen †
- Albanesch
- Dako-thrakesch Sproochen †
- Balto-slaweschen Aascht (hypotetesch)
- Germaneschen Aascht
- Veneteschen Aascht (Ënneraascht vum italeschen Aascht ??) †
- Italeschen Aascht
- Oskesch-umbresch (sabellesch) Sproochen †
- Latino-faliskesch Sproochen
- Kelteschen Aascht
- Tochareschen Aascht †
- Osttocharesch ("Tocharesch A") †
- Westtocharesch ("Tocharesch B") †
- "Tocharesch C" ???? †
- "Tocharesch D" ???? †
- Anatoleschen (hethitesch-luweschen) Aascht †
- Palaesch †
- Hethitesch Sproochen †
- Luwesch Sproochen †
- Lydesch †
- Trojanesch (hypotetesch Sprooch vun der Stad Troja) †
- Philistesch (hypotetesch, virun der Semitisatioun vun de Philister) †
Um Spaweck
ännerenCommons: Indoeuropäesch (indogermanesch) Sproochen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ https://www.ethnologue.com/statistics/family
- ↑ Michael Meier-Brügger. Indogermanische Sprachwissenschaft. 8. Auflage. Walter de Gruyter, Berlin 2002, E 301.
- ↑ Дыбо В. А., Терентьев В. А. Ностратические языки // Лингвистический энциклопедический словарь. — М.: Сов. энциклопедия, 1990. — С. 338—339.
- ↑ https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/25731166