Hippolyte Maringer

franséische Politiker

De Jean-Hippolyte-Alexandre Maringer, gebuer de 17. Juli 1833 zu Hollerech, a gestuerwen den 18. Juni 1909 zu Nanzeg, war e franséische Politiker vu lëtzebuergeschen Originnen.

Hippolyte Maringer
Gebuertsnumm Jean Hippolyte Alexandre Maringer
Gebuer 17. Juli 1833
Hollerech
Gestuerwen 18. Juni 1909
Nanzeg
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Aktivitéit Reesender, Politiker

Hie war vun 1892 bis 1904 Buergermeeschter vun Nanzeg, wou e vun 1874 Member vum Gemengerot war. Vun 1889 bis 1901 war hien ausserdeem Conseiller général vun der Meurthe-et-Moselle am Canton de Nancy-Est.

Vu Beruff war hie Reesender a Frankräich, wou en 1872 naturaliséiert gouf.

Literatur änneren

  • Dictionnaire biographique illustré de Meurthe-et-Moselle, Paris, Flammarion/Raoul Wagner, 1910, S.521.

Um Spaweck änneren

Commons: Hippolyte Maringer – Biller, Videoen oder Audiodateien