Hesiodus (Moundkrater)

Moundkrater


Den Hesiodus ass en Aschlagkrater am Südweste vun der viischter Moundsäit um südleche Rand vum Mare Nubium, westlech vum Krater Pitatus.

Hesiodus
De Moundkrater Hesiodus an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Koordinaten 29°25'12"S, 16°25'12"W
Duerchmiesser 43,24 km
Déift 450 m[1]
Selenographesch Längt 16° bei Sonnenopgank
Genannt no Hesiod
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ19

De Kraterrand ass staark erodéiert, an dat Bannenzegt vu Lava iwwerschwemmt a flaach. Nordwestlech vum Rand fänkt d'Rima Hesiodus un, déi a südwestlecher Richtung am Palus Epidemiarum nërdlech vum Capuanus leeft.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 30,14° S, 17,15° W7 14 km [1]
B 27,17° S, 17,6° W7 10 km [2]
D 29,4° S, 16,5° W7 5 km [3]
E 27,92° S, 15,42° W7 3 km [4]
X 27,41° S, 16,34° W7 24 km [5]
Y 28,35° S, 17,36° W7 18 km [6]
Z 28,78° S, 19,59° W7 4 km [7]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom antike griicheschen Dichter Hesiod genannt.

Eng Foto vum Hesiodus A (LROC-WAC)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.