Hermann Gisin

Schwäizer Zoolog

Den Hermann Gisin, gebuer den 11. Mäerz 1917 zu Montreux (CH) a gestuerwen de 16. August 1967 zu Genf, war e Schwäizer Zoolog.

Hermann Gisin
Gebuer 11. Mäerz 1917
Montreux
Gestuerwen 16. August 1967
Genf
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Entomolog

Den Hermann Gisin war e Spezialist vun de Collembolen. Hie war Conservateur am Muséum d'histoire naturelle vu Genf.

Am Joer 1954 huet hien dem Alphonse Eichhorn déi nei Collembolenaart Onychiurus eichhorni dediéiert, déi op Material baséiert huet, dat den Eichhorn zu Stroossen an zu Nidderkäerjeng gesammelt hat. Den aktuellen Numm vun der Aart ass Protaphorura eichhorni (Gisin, 1954).[1]

Literatur

änneren
  • Besuchet, C., 1967. Dr Hermann Gisin, 1917-1967. Verhandlungen der Schweizerischen Naturforschenden Gesellschaft 147, S. 193-198.

Referenzen

änneren
  1. Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 156.