Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Hereford United FC (Spëtznimm The Whites an The Bulls) ass en englesche Foussballveräin an der Stad Hereford am Herefordshire. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 an der Football League One, der drëtthéchster Spillklass am englesche Liga System, dest nodeem si 2007/08 aus der Football League Two opgestige sinn. De Veräi spillt seng Heemspiller am Edgar Street Stadion.

Wope vun Hereford United FC
Wope vun Hereford United FC

De Veräi gouf 1924 gegrënnt an en huet bis 1972 an den ënneschten englesche Lige gespillt, wéi en an d'Fourth Division (deemools déi véierthéchst englesch Spillklass) erakoum. Nodeem en nach zweemol opgestige war hat en um Enn vun der Saison 1976/77 mat der leschter Plaz an der Second Division, deemools der zweethéchster Spillklass am Englesche Liga System, säin Héichpunkt erreecht, wou en nees an d'Third Division ofgestigen ass. Nodeem en 1997 an d'Football Conference, déi fënnefthéchste Spillklass, ofgestigen ass, konnt en 2006 endlech erëm an der League Two an 2008 an der League One matspillen. De Veräi stoung am Ganze sechsmol an der 4. Ronn vum FA Cup.

Um Spaweck änneren

(en) Offiziell Websäit vun Hereford United FC