Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Helleg Muecht ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Fernand Le Chartreux (Pseudonym vum Fernand Kartheiser), deen 2000 erauskoum.

Wourëms geet et am Roman? änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Bartrenger Paschtouer Romain Seil leeft onverhofft enger internationaler Geheimorganisatioun, dem Opus Domini, iwwer de Wee, déi d'Kierch an de Staat ënnerwandert huet, an an där héichgestallt Perséinlechkeete vum Klerus an aus der Politik Member sinn. Hir Machenschaften a Strofdoten - verschidde Leit mussen dobäi hiert Liewe loossen - hunn als Zil, e Schaz vun den Tempelritter, deen am Éislek verstoppt soll sinn, ze fannen...

Soss änneren

Kriticken änneren

'Helleg Muecht' ass net d'Wierk vun engem vun deene langweilege Pafefrësser, déi iwwerall nëmmen d'Männercher gesinn. D'Buch ass spannend a witzeg geschriwwen a jongléiert mat de Klischeë vum Genre. D'Geschicht ass an enger einfacher Sprooch verzielt: Dialoger, Aktioun a soss kee Schischi.

Literatur änneren

  • Fernand Le Chartreux: Helleg Muechtt. Lëtzebuerg, 2000. ISBN

.

Um Spaweck änneren

  • Fiche op autorenlexikon.lu.


Referenzen änneren

  1. "De Mäerder ass ëmmer de Generolvikär." In: d'Lëtzebuerger Land, 19.01.2001.