Den Heinrich Kauder (besser bekannt ënner sengem lat. Numm Gaderius, och heiansdo als Heinrich Sterpenech bekannt), gebuer (Datum onbekannt) zu Sterpenech a gestuerwe 1636 war e Geeschtlechen, dee bekannt gouf fir seng Positioune géint d'Hexeprozesser.

Liewen änneren

De Gaudenius huet op der Universitéit Louvain Theologie studéiert. En ofgeschlossenen Theologie-Studium war an där Zäit ongewéinlech an hien ass allgemeng fir seng Priedegte gelueft ginn.

Paschtouer zu Käerch änneren

De Gaderius war Paschtouer vu Sterpenich a vu Käerch (1607-1621), woubäi hie vu 1618 u bei der leschtgenannter Uertschaft vum Provënzialrot opgefuerdert gouf, wéinst dem Prinzip vun der Residenzpflicht op säin Amt do ze verzichten. Hien ass eréischt 3 Joer méi spéit aus dem Paschtoueschhaus erausgeplënnert.

Et ass net kloer op de Gaderius eng éischt Kierch zu Käerch am fréie 17. Jh. gebaut huet, oder se just restauréiert huet.

Schoulstëftungen änneren

Och eng ganz Rei Schoulstëftunge ginn op de Gaderius zeréck. Eleng beim neigegrënnte Jesuittekolléisch an der Stad waren et der eng Dose fir all Kéier op d'mannst 14.000 Karolusgulden.

Asaz géint Hexereiprozesser änneren

Géint d'Hexereiprozesser huet de Gaderius op e puer Aart a Weise gewierkt. Hien huet Beschëllegte Courage gemaach sech ze wieren a s'och dofir finanziell ënnerstëtzt.

Géint de Peter Britt, den Amtmann vun der klenger Herrschaft Elter, wou an de Jore 1610-1616 méi wéi zwanzeg Hexeprozesser opgezu goufen, huet de Gaderius Beweiser gesammelt. De Britt, deen als Amtmann och indirekt an onerlaabt finanziell profitéiert huet, war bekannt derfir, mat onerlaabte Mëttelen ze schaffen. De Britt gouf schlussendlech vum Provënzialrot ofgesat.

De Gaderius huet och doriwwer gepriedegt, wat dat fir Follgen hätt wann ee Falschaussoe géint säin Nächste géif maachen. Et gëtt dem Gaderius esouguer nogesot, hien hätt d'Existenz vun Hexerei an Zauberei - deemools allgemeng als Realitéit ugeholl - grondsätzlech a Fro gestallt.

Nom Joer 1640 hunn Hexereiprozesser zu Lëtzebuerg allgemeng staark ofgeholl a sinn um Enn vun deem Joerhonnert komplett verschwonnen.

De Gunther Franz huet de Gaderius 2002 mat enger kuerzer Biographie a senger Oplëschtung vu Géigner vun Hexeprozesser am Raum Lëtzebuerg an Tréier opgefouert.[1]

Erënnerung änneren

Zu Sterpenech gouf eng Strooss nom Gaderius benannt.[2]

Literatur änneren

  • Reuter, Antoinette (1999): Heinrich Gaderius, streitbarer Pfarrer von Koerich (1607-1621). In: 250 Joer Käercher Kiirch 1747-1997; Lëtzebuerg, 1999; Ss. 129-134.

Notten a Referenzen änneren

  1. Franz, Gunther (2002): Prominente Gegner der Hexenprozesse in Luxemburg und Kurtrier. In: Hexenwahn. Ängste der Neuzeit. Ausstellung im Jahr 2002, Deutsches Historisches Museum, Berlin. On-line. Gekuckt de(n) 17.08.2020.
  2. Thoma, Marc (10.04.2018): Et wor emol ... zu Lëtzebuerg - Den Hexenaffekot Heinrich Gaderius. On-line op rtl.lu. Gekuckt de(n) 17.08.2020.