D'Haupeschkierch zu Izeg ass eng kathoulesch Kierch zu Izeg déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs an zu der Gemeng Hesper gehéiert.

Kierch vun Izeg

Uertschaft / Plaz Izeg
Par Hesper–Réiser–Weiler
Disciples d'Emmaüs
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Hubertus
Architekt(en) Sigismund Mungenast
Koordinaten 49° 35’ 10.7’’ N
      06° 10’ 18.8’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vum CR159 (rue de Hesperange, rue de Bonnevoie) mat der rue de Contern.

Geschicht änneren

D'Kierch gouf 1750 gebaut a vun 1893 - 95 zur haiteger Form vergréissert. An der Kierch sinn eng ganz Rei Konschtwierker, ë. a. hëlze Skulpturen aus dem 17. an 18. Joerhonnert, barock Freskemolereien, stilvoll Glasmolereien, e grousse Bestand vu Sakralgéigestänn an de monumentalen Héichaltor vum deemolege Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg, dem Barong Jean de Beck, dee bis zur franséischer Revolutioun an der Kierch vum Franziskanerklouschter, dat fréier um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg stoung, als Niewenaltor opgestallt war.

Am Joer 1996 ass d'Kierch banne komplett renovéiert ginn.

Bis 2017 war d'Kierch d'Parkierch vun der deemoleger Par Izeg, déi zum Parverband Hesper, zu der Pastoralregioun Lëtzebuerg an zum Dekanat Lëtzebuerg-Ost gehéiert huet.

Mobilier änneren

D'Miwwele vun der Izeger Kierch sinn zanter dem 5. November 2002 als nationaalt Monument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

D'Uergel änneren

1954 ass bei der Lëntgener Uergelfabrik eng Uergel bestallt ginn. De fréieren Organist vun der Kathedral, den Albert Leblanc, hat den Dispositiounsentworf vun der Uergel gemaach. D'Instrument ass de 26. Juni 1955 ageweit ginn.

Bei der Renovéierung vun der Kierch am Joer 1996 ass och d'Uergel nees vu Grond op vum Uergelbauer Thomas Erz an d'Rei gesat ginn. [2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Haupeschkierch zu Izeg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Beschreiwung vun der Uergel op Englesch Gearchiveerd op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-11-28.