Harakiri (ja: 腹切り, lit.: Bauchschnëtt) ass eng japanesch Traditioun, bei där et ëm de Suizid vun engem Samurai duerch e Schnëtt an de Bauch geet. Harakiri ass e Begrëff, deen haaptsächlech an Europa an Amerika gebraucht gëtt. A Japan a soss an der Welt gëtt vu Seppuku (切腹) geschwat.

Geschicht änneren

Historesch ass dës Traditioun Mëtt vum 12. Joerhonnert a Japan fir d'éischt beluecht. Bei Verstouss vun de Reegele konnt de jeeweilege Samurai seng Éier bei senger Famill duerch dës Method vu Suizid erëm hierstellen. Mä och e Verstouss géint déi geleefeg Gesetzer konnt als Grond gesi ginn, fir den Harakiri als eng Aart Strof ze vollzéien. Doriwwer eraus gouf dësen Doud och vollbruecht am Fall wann de Samurai bei der Schluecht vum Géigner gefaange geholl gouf. Dës Traditioun gouf awer 1868 a Japan offiziell verbueden.

Der Geschicht no war de Minamoto no Tametano (1106–1180) deen éischten, deen den Harakiri vollzunn huet. De Minamoto soll nom Beispill vu chineesesche Frae gehandelt hunn, déi no enger Beschëllegung, aner Kanner versuergt ze hunn wéi déi vun hirem Mann, sech de Bauch opgeschnidden hunn, fir hir Loyalitéit ze beweisen. Mä beim Minamoto no Yorimasa (1159–1189) kréie mir déi éischt detailléiert Bezeechnung vun Harakiri. Nodeems hien nämlech seng Schluecht bei Uji 1180 verluer huet, huet hie sech doropshi mat sengem Schwäert säi Bauch opgeschnidden.

Oflaf änneren

Beim Harakiri schneit de Mann mat engem Wakizashi oder Tantō Schwäert ongeféier sechs Zentimeter ënner dem Nuebel de Bauch vu lénks no riets an dann erop bis an d'Broscht op. Dobäi gëtt dacks d'Aorta duerchtrennt oder ugeschnidden, dat direkt zum Verloscht vum Bewosstsinn féiert. Mat der Zäit koumen awer och aner Schnëtt oder Techniken derbäi.

Den Assistent, genannt kaishaku-nin, meeschtens e Bekannten, huet dem Samurai no deem Akt mat enger Katana de Kapp uschneide missen, ouni e ganz erof ze schneiden, well deen um Kierper huet missen dru bleiwen. Ausserdeem huet den Assistent op de richtegen Ament waarde missen, fir d'Quale vum Samurai sou geréng wéi méiglech ze halen an dem Samurai géigeniwwer och respektvoll ze sinn. Esou spillt den Assistent eng wichteg a verantwortungsvoll Roll. Et koum souguer puermol vir, datt den Assistent selwer herno zum Harakiri opgefuerdert gouf, well e seng Funktioun net verantwortungsvoll vollbruecht huet.

Dës Reegele goufen awer am Laf vun der Zäit gelackert, well vill Leit des Technik op sou engem héijen Niveau net méi praktizéiere konnten. Esou konnt een ëm d'18. Joerhonnert och de ganze Kapp erofschneiden.

De Samurai huet beim Harakiri weeder säi Gesicht verzéien däerfen, nach Kaméidi vu sech ginn oder Angscht weisen. Wann de Samurai net méi seng Péng aushale konnt, huet hie säi Kapp liicht no vir hänke gelooss a gouf da gekäppt. De Samurai gouf wärend dem Harakiri och vun engem Riichter schrëftlech bewäert, deen decidéiert huet, op dat Ritual no de korrekten a gudde Reegelen ofgelaf ass an als offiziellen Harakiri unerkannt konnt ginn. D'Famill a Persounen, déi him nostoungen, hu beim Nokucke keng Péng am Gesiichtsausdrock dierfe weisen.

Um Spaweck änneren

Commons: Harakiri – Biller, Videoen oder Audiodateien