Den Hansteen ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit um westleche Rand vum Oceanus Procellarum, nordwestlech vum Krater Billy. De Kraterrand ass nëmmen e bëssi erodéiert, an de Buedem am Zentrum ass duerchplout mat der Charakteristik vun engem Brochbuedemkrater.

Hansteen
De Krater Hansteen (Foto: Lunar Orbiter 4)
Koordinaten 11°31'48"S, 52°3'36"W
Duerchmiesser 45 km
Déift 1.390 m
Selenographesch Längt 52° bei Sonnenopgank
Genannt no Christopher Hansteen
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ18

Westlech vum Krater leeft parallel zum Kraterrand d'Moundrill Rima Hansteen a südwëstlech läit de Bierg Mons Hansteen.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 12,76° S, 52,23° W7 7 km [1]
B 12,74° S, 52,65° W7 5 km [2]
E 10,62° S, 50,58° W7 28 km [3]
K 13,91° S, 53,4° W7 3 km [4]
L 13,57° S, 53,14° W7 3 km [5]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom norwegeschen Astronom Christopher Hansteen (1784–1873) genannt.

Literatur änneren

  • B. R. Hawke, D. J. Lawrence, D. T. Blewitt, et al.: Hansteen Alpha: A volcanic construct in the lunar highlands. In: Journal of Geophysical Research Bd. 108 (2003), S. 5069.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren