Hannes Alfvén

schweedesche Physiker

Den Hannes Olof Gösta Alfvén, gebuer den 30. Mee 1908 zu Norrköping, a gestuerwen den 2. Abrëll 1995 zu Djursholm, war e schweedesche Physiker. Hie krut 1970 de Physik-Nobelpräis "fir seng grondleeënd Leeschtungen an Entdeckungen an der Magnetohydrodynamik mat fruchtbaren Applikatiounen a verschiddenen Deeler vun der Plasmaphysik."

Hannes Alfvén
Gebuertsnumm Hannes Olof Gösta Alfvén
Pseudonym Olof Johannesson
Gebuer 30. Mee 1908
Gestuerwen 2. Abrëll 1995
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Uppsala
Aktivitéit Physiker, Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser, Elektroingenieur, Science-Fiction-Schrëftsteller
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Royal Society, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences

Dem Hannes Alfvén seng Elteren, de Johannes Alfvén an d'Anna-Clara Romanus, ware Medezinner. Säi Monni, den Hugo Alfvén, war e bekannte Komponist an Dirigent.

Vun 1926 un huet den Alfvén Physik a Philosophie op der Universitéit vun Uppsala studéiert. 1934 krut hien do en Doktertitel fir seng Analys vun de ultrakuerzen elektromagnetesche Wellen. Nach am selwechte Joer huet hien ugefaangen als Physik-Dozent op senger Universitéit z'ënnerriichten. 1937 huet en eng Plaz am Nobel-Institut fir Physik zu Stockholm kritt. 1940 gouf hien op de Kinneklechen Institut fir Technologieberuff als Professer fir elektromagnetesch Theorie an elektresch Miessunge beruff.

1935 huet den Alfvén sech mat der Kerstin Maria Erikson bestuet, dem Meedche vum Ingenieur Rolf Erikson a senger Fra Maria Uddenberg, déi zesumme fënnef Kanner haten, d'Cecila, d'Inger, de Gösta, d'Reidun an d'Berenike. Deen eenzege Jong, de Gösta, gouf Medziner, d'Inger Schrëftstellerin, an en anert Affekotin.

Den Alfvén war ënner anerem Member vun der Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften zu Stockholm a vun der International Academy of Science. Hie war ausserdeem ee vun de rare Wëssenschaftler vu senger Zäit, déi zu gläicher Zäit Member vun der amerikanescher an der sowjetescher Akademie vun de Wëssenschafte waren.

D'Alfvén-Wellen, mechanesch Welle bannent dem Plasma, sinn no him benannt. Den Asteroid 1778 Alfvén krut säin Numm wéinst senge Verdéngschter fir d'Astrophysik.

Säi Wierk

änneren

Den Alfvén huet vun 1939 un d'Entstoe vun de Polarliichter a vun de magnéitesche Stierm ënnersicht, an den Afloss vu Magnéitfelder beim Entstoe vum Sonnesystem. Hien huet eng zentral Roll bei der Erfuerschung vun der Plasmaphysik gespillt, a vun de geluedene Partikel-Stralen, der interplanetarer Physik, der magnéitosphärescher Physik a besonnesch op dem Gebitt vun der Magnéitohydrodynamik, senger Spezialitéit.

Den Alfvén war ëmmer e Géigner vun der Urknall-Theorie. Schonn 1963 huet den Alfvén d'Theorie vertrueden, d'Universum hätt eng Fiesestrucktur mat Filamenter, wat kloer géint en Urknall schwätzt. Hie selwer huet d'Iddi vun engem Plasma-Universum fir déi plausibelst gehalen; se konnt sech awer net duerchsetzen.

Obwuel den Alfvén am Laf vu sengem Liewen vill Auszeechnunge krut, si seng Iddie laang Zäit vun der Fachwelt refuséiert ginn. Dacks genuch war den Alfvén gezwongen, seng wëssenschaftlech Aarbechten an onbedeitenden Zäitschrëften ze publizéieren. Besonnesch d'Kritik vum britteschen Astronom a Geophysiker Sydney Chapman u sengen Theorien iwwer d'magnéitosphäresch Physik hunn et dem Alfvén net liicht gemaach, fir Ënnerstetzung fir seng Aarbecht ze kréien.

Auszeechnungen

änneren

Den Alfvén krut 1970 de Physik-Nobelpräis fir seng grondleeënd Leeschutngen a Entdeckungen an der Magnetohydrodynamik mat fruchtbaren Applikatiounen a verschiddenen Deeler vun der Plasmaphysik.

  • 1967: d'Goldmedail vun der Kinneklecher Astronomescher Gesellschaft
  • 1971: d'Goldmedail vum Franklin-Institut
  • 1971: d'Lomonosov-Goldmedail vun der sowjetescher Akademie vun de Wëssenschaften

Nieft senge wëssenschaftleche Publikatiounen huet den Alfvén och populärwëssenschaftlech Bicher geschriwwen, e puer dovu mat senger Fra.

  • Atome, Mensch und Universum. Die lange Kette der Komplikationen, Suhrkamp, Frankfurt am Main, 1984.
  • M Siebzig. Die Menschheit der siebziger Jahre, Suhrkamp, Frankfurt am Main, 1984.
  • Kosmologie und Antimaterie. Über die Entstehung des Weltalls, Umschau-Verlag, Frankfurt am Main, 1984,
  • Saga vom grossen Computer, Limes-Verlag, 1970.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Hannes Alfvén – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie