D'Haaptschlagoder oder Aorta (vum Algriicheschen ἀείρω, "aeirō" – héichiewen, opstoen) ass e Bluttgefääss am Kierper vum Mënsch an de Wierbeldéieren. Et ass déi zentral Schlagoder (Arteerie), déi vum Häerz fortgeet an d'Blutt an de Rescht vum Kierper transportéiert.

D'Haaptschlagoder (rout) am Kierper vum Mënsch.

Opbau beim Mënsch änneren

 
De Bou vun der Haaptschlagoder mat den Arteerien, déi ofginn (op Däitsch).

An der Anatomie an an der Chirurgie ënnerscheet een tëscht enger Rei Ofschnëtter:

  • Aorta, déi erop geet (aorta ascendens): D'Haaptschlagoder fänkt un der lénkser Häerzkummer un. Si ass duerch d'Aortaklapp getrennt. Vum Häerz aus verleeft si erop Richtung Kapp. Kuerz iwwer der Aortaklapp entsprangen d'Häerzkranzgefäässer (Koronararteerien), déi d'Häerz mat Blutt versuergen.
  • Aortabou (arcus aortae): Dann zitt se sech am Bou erof Richtung Becken. Aus dem Bou ginn ënner anerem déi Arteerien of, déi de Kapp an d'Äerm versuergen.
  • Aorta, déi erofgeet (aorta descendens): Si besteet aus zwee grousse Segmenter: der Broschtaorta an der Bauchaorta.
    • Broschtaorta (aorta thoracica): Si läit komplett an der Broschthiel. Vun der Broschtaorta gi Gefäässer an den Häerzbeidel, zu den Tëscherëpperaim, zum Oesophage an zur Eegeversuergung vum Longentissu of. Da verleeft se duerch eng Ëffnung (hiatus aorticus) am Zwerchfell. Op der Héicht vum zwielefte Broschtwierbel gëtt dann aus der Broschtaorta d'Bauchaorta.
    • Bauchaorta (aorta abdominalis): Och si léisst sech an zwee Segmenter ënnerdeelen, unhand vum Ofgang vun den Arteerien, déi d'Niere mat Blutt versuergen (arteriae renales):
      • Bauchaorta iwwer den Nierenarteerien (aorta abdominalis suprarenalis): Vun hir ginn direkt nom Zwerchfellduerchtrëtt Aarterien zur Versuergung vum Mo, der Mëlz, dem Zwieleffangerdaarm, der Bauchspeicheldrüs an der Liewer of. E weideren Ofgank versuergt den Haaptdeel vum Daarm an den anere Verdauungsorganer.
      • Bauchaorta ënnert den Nierenarteerien (aorta abdominalis infrarenalis): aus hir entsprangen d'Gefäässer fir den ënneschten Deel vum Daarm, den Enddaarm an e puer Organer am Becken. Op der Héicht vum véierte Lendewierbel deelt sech d'Aorta hei an déi zwou grouss Beckeschlagoderen (arteriae iliacae communes) op.

Am mënschleche Kierper ass d'Haaptschlagoder déi gréisst Schlagoder. Bei engem Erwuessenen huet si en Duerchéisser vun ongeféier 2,5 bis 3,56 Zentimeter an eng Längt vun 30 bis 40 Zentimeter.[1]

Commons: Aorta – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. DocCheck Flexikon: Aorta