Den HAT-P-7b oder Kepler-2b ass en Exoplanéit. Hie kreest, all 2,205 Deeg, ëm den Haaptreiestär HAT-P-7. Wéinst senger héijer Mass gëtt ugeholl, datt et sech ëm e Gasplanéit handelt.

Geschicht änneren

De Planéit gouf mam HATNet Projet, duerch d'Transitmethod am Joer 2008 entdeckt. Well säi Stär am vum Kepler-Weltraumteleskop observéierten Himmelausschnëtt am Stärebild Cygnus steet, konnt seng Existenz geséchert a seng Parametere prezis vermooss ginn.

Ëmlaf a Mass änneren

De Planéit kreest ëm säi Stär op enger Distanz vun zirka 0,0377 A. E. an huet eng Mass vun zirka 564,6 Äerdmassen, respektiv 1,776 Jupitermassen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren